Paroisses
 

Parcours et chiffres actuels

Wéi d’Kanner dëst Joer erëm an d’Schoul gaange sinn, huet een e Fach net méi um Stonneplang fonnt. De Reliounsunterricht ass durch « Vie et société » ersat ginn, obwuel landeswäit méi wéi 75% an den Unterricht gaange sinn.

Aus dësem Grond gëtt an de Poaren « d’Catéchèse en paroisse » organiséiert, fir datt déi verschidden Altersstufen de Glawen entdecken, erfueren a liewe léieren. Vill Kanner a Jugendlech hu sech fir dëst Joer an déi verschidde Coursën ageschriwwen.

Bei eis an der Par Déifferdeng Saint-François-d’Assise gi folgend Coursën ugebueden :

Parcours 1 : P’tite Pasto

Parcours 1A (Kanner vun 3-6 Joer) P’tite Pasto :14 kanner
Parcours 1B (Kanner am cycle 2.1) (Umeldung fir d’Kommunioun) : 83 kanner

Responsabel : Romaine Müller

Parcours 2 : Wee zur Kommioun

Parcours 2A (Kanner am cycle 2.2) Wee zur Kommunioun : 89 kanner
Parcours 2B (Kanner am cycle 3.1) Virbereedung op d’Kommunioun : 120 kanner

Responsabel : Dury Ilona

Parcours 3 : Wee zur Profession de foi

Parcours 3 ( Kanner am cycle 3.2, 4.1 an 4.2) : 35 Kanner

Responsabel : Dielissen Henri

Parcours 4 : Wee zur Firmung

Parcours 4 ( Jugendlech 12-15 Joer) : 6 Jugendlecher

Responsabel : Biltgen Andrée/Dielissen Henri

Parcours 5 : Virbereedung op d’Firmung

Parcours 5A ( Jugendlech am 1. Joer Virbereedung) : 19 Jugendlecher
Parcours 5B ( Jugendlech am 2. Joer Virbereedung) : 24 Jugendlecher

Responsabel : Thiry R. /Biltgen A. /Dielissen H.

D’Aschreiwungen fir d’Schouljoer 2017/2018 sinn ofgeschloss. Ab Juni 2017 ginn déi nei Aschreiwunge gemaach !

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu