Mär pilgeren an d’Oktav (05/05/26)

mat de Kommiounskanner an de Massendénger

En Dënschdeg, den 05. Mee si mär mat eise Kommiounskanner an de Massendénger an d’Oktav gepilgert.
Déi 58 Kanner sinn vun de Katechetinnen, Bénévoller an Mammen begleet ginn.
Zesummen hu mär e flotten Nomëtteg verbruecht. Leider huet d’Wieder net ganz matgespillt.
Um 17:00 ware mär am Gebietsmoment an der Mëchelskierch.
Mat de Pilger vum Dekanat Süden-West sinn mär dunn an der Prozessioun an d’Kathedral gang.
Um 18:00 war d’Mass virum Votivaltor.

Weider Fotoen vun der Mass vum Dekanat Süden-West


zeréck op Paraktivitéiten

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement