Paroisses
 

Témoignage

Meng Kierch

Meng (Daf-, Kommuniouns- a Firm-)Kierch gëtt ofgerappt. Dëst schéngt elo onausweichlech. Dëst ass mer elo schmärzlech bewosst ginn, nodeems ech, wei vill anerer garantéiert och, eis Kierch ee bëssi aus de Gedanke verluer hat. Schonn ze laang ass keng Mass méi do gehale ginn. Jo et si schonn iwwert 2 Joer datt se zou ass. D’Zäit vergeet.

Kuerz no der Schléissung hunn ech mech zimlech oft ëmfrot, ob et Neies iwwert d’Kierch gëtt. Lues a lues goufen et ëmmer manner Froen, Neiegkeeten goufen et der jo och keng.

Aus der Nout eraus hunn ech mer eng aner Poar ausgesicht fir weider kennen aktiv ze bleiwen. D’Wiel ass zimlech séier op d’Uewerkuerer Poar gefall. Dëst besonnesch well ech zimlech genee an der Mëtt tëschent der Déifferdenger an der Uewerkuerer Kierch wunnen. Zu deem Ament hat ech mer net geduecht datt et en definitive Wiessel géif ginn.

Wéinst mengem Engagement am Poarverbandsrot woar et mer och bewosst datt mëttelfristeg déi Déifferdenger Kierch net géif weiderbestoe bleiwen. Dat hunn ech och esou akzeptéiert well et dierf een d’Aen net virun der Realitéit verschléissen och wann se wéi deet. Mee zu dem Ament woar dat nach weit ewech. Elo net méi.

Soll ech elo jéimeren an dem notraueren wat woar? Déi vill Stonnen déi ech als Kand als Massendénger, zesumme mat menger Famill, meng Elteren woare jorelaang Koschter an der Poar oder als Erwuessenen am Kader vu mengen Engagement, bei der Daf an der Kommioun vu menge Kanner, do verbruecht hunn wäerte mer ëmmer an Erënnerung bleiwen. Déi ka kee mer huelen, och wann enges Dags dat Gebai an dem ech se verbruecht hunn net méi steet. Dat wärt mat Sécherheet ee mulmegt Gefill ginn, wann ech laanscht déi Plaatz ginn a si ass net méi do.

Soll ech elo d’Bengele bei Tromm geheien? Sécher net! Eise Poarverband besteet nët nëmmen aus 5 Kierchen, stenge Gebaier, mä aus de Mënschen déi dohi ginn a si mat Liewe fëllen. Villméi sollte mer dës Situatioun notzen an dat bescht draus maachen.

Dëst kéint a sollt de Startschoss sinn fir eise Poarverband endlech a Musek ëmzesetzen. Ze vill Zäit hu mer verluer mat dem behaapten op eise Positiounen an dem stur an eise Poare bleiwen. Kierchegebaier hunn ass eng Saach, se liewen ze doen ass eng aner. D’Zäiten wou all Poar ee Paschtouer hat si laang eriwwer a mat Sécherheet wäerten och d’Poarverbänn nach musse wuessen fir dem Priistermangel entgéint ze wierken. Ausserdeem wäerten och mir, als Laien, verstäerkt mussen eng Hand mat upake wa mer wëllen datt eis Gemeinschafte weiderliewe kënnen.

An eiser jëtzeger Situatioun mat nach engem Paschtouer kenne mer net verlaangen, datt alles esou weiderleeft wei gewinnt. Jiddereen vun eis muss op een Deel vu senge Gewunnechten, vu sengen “Rechter” verzichten zum Wuel vun eiser ganzer Gemeinschaft. Si mer dozou bereet? Wa jo musse mer dat aalt lass loosse kennen, ouni eis Wuerzelen ze vergiessen, an eis neien Iddien opgeschlosse stellen. Ech fir mäin Deel probéiere mäint dozou bäizedroen, och wann et mer sécher net ëmmer geléngt an ech nach vill méi kéint maachen.

Notze mer dës, wann och traureg, Chance fir eis den Erausfuerderungen vun der Zukunft ze stellen. Nëmmen zesummen wäert et eis geléngen.

Marc Syoen

Déifferdeng den 17. November 2012

 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu