Paroisses
 

Ëmwandlung vun enger Kierch zu Manchester/Salford Trafford-Park

Dëst Joer huet d’kathoulesch Aarbechterpastoral CPMT un engem jährlechen Europatreffen deel geholl, zu Manchester/Salford. Link : http://fr.wikipedia.org/wiki/Salford.

An dësem Quartier wunnen haaptsächlech Katholiken ( Quartier vun de fréieren Hafenarbechter, iresch Immigranten, also Katholiken).

De Jos Freylinger aus eiser Por hat un dësem Treffen zu Salford deel geholl.

Ët gouf zwou Kierchen fir hir Gemeinschaft, a viru 6 Joer ass décidéiert ginn eng dovuner zou ze maachen an als Gemeinschaftssall ëmzefonktionnéieren.

Elo gët de Sall als Theatersall an als Festsall benotzt. An der Zäit wou de Sall nët gebraucht gëtt, gëtt en vun engem Restaurateur aus dem Véierel als Restaurant oder als Festsall fir Hochzäiten an aner Fester benotzt.

D’lescht Joer huet de Restaurant en Ëmsaz vun 120 000£ (150 000€) gemaach. Durch de Loyer deen all Mount un d’Katholike vu Salford ze bezoulen ass, kann d’Gebäi ënnerhale ginn, an Gemeinschaft kann de Sall ouni weider Onkäschten benotzen wann sie e brauch.

Kleng Bemierkung :
Hafenarbechter vu Manchester waren Katholiken aus Irland. Sie haten nie e Recht op Souen aus der Staatskeess vun England ( Minnorität). Sie sinn Katholiken, a bezoulen alles aus hirer Täsch.

Fir mech perséinlech war dat eng immens Erfahrung. E Generalvikar dee mat engem Peugeot 205 erëmfiert, mäi laangjähresche Frënd Kevin Flanagan. http://www.gmim.org.uk/traffordpark/general/welcome-middlebrook/ deen nëmme fir seng Por a säi Projet liewt http://www.stantonyscentre.org.uk/ genau wéi seng jonk a manner jonk Matstreider. Aussergewéinlech.

Am Anhang : e Video vun der fréierer Kierch als Restaurant a Festsall. De Sänger ass hire Präsident vum Porverband, déi aner zwee si Memberen.

You Tube ; Hier Nationalhymme ;)) « Cornflaks Toast and Tea. SUPER : http://www.youtube.com/watch?v=RxT-ZG2fOPA

(et muss ee wëssen, datt déi europäesch Fabrik Kellog’s an Traffort Park ass). D’Rosemary ass dem Präsident seng Fra an d’Kierch am Video ass déi wou nach Gottesdingschter gefeiert ginn.

Text: Jos. Freylinger

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu