Messe pour les familles endeuillées

de Novembre 2025 à Novembre 2026

Samschdeg, 21. November 2026, um 18h30 an der Kierch zu Uewerkuer.
Dës Feier war e Moment si vun Trouscht, vun Dankbarkeet a vu Courage.

Zwielef Käerzen ...
... hu mir noeneen ugefaang fir un eis Bridder a Schwësteren ze denken, déi eis am Laf vum leschte Joer fir ëmmer verlooss hunn.
D’Virowesmass vum Samschdeg, 21. November 2026, stoung ënnert dem Motto ‘Messe du Souvenir’. Déi Familljen, déi de Verloscht vun engem léiwe Mënsch erlieft hunn, waren invitéiert mat engem Bild vum Verstuerwenen an d’Mass ze kommen.
An enger ergräifender Zeremonie huet den Här Paschtouer Jean-Luc Pinalie all eis Verstuerwe Mount fir Mount geseent an zesumme mat der Poargemeinschaft fir si gebiet.
Gebiet gouf och fir déi, déi am Trauer sinn. Si sollen duerch dëse Moment vun der Erënnerung a vun der Dankbarkeet Trouscht erliewen, nei Zouversiicht schäffen a mat vill Courage no vir kucken.
Mat vill Sensibilitéit gouf d’Mass musikalesch encadréiert vun der Chorale, déi op dësem Dag hir Patréinesch Sainte Cécile gefeiert huet.

Et war eng ganz schéi Feier mat enger ganz besonneger Atmosphère.

Duerno huet eng kleng Apape eis d’Méiglechkeet ginn nach e bësse beieneen ze bleiwen an ze poteren.

CPP Déifferdeng / Grupp Evenementiel


zeréck op Parliewen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement