Paroisses
 

Fraën a Mammen ACFL

Mir sinn nees do!

Säit Mëtt Abrëll 2013 hu mir nees e neie Comité an hunn no enger laanger Paus e neien Ufank gewot.

Fréier hate mit bal 500 Memberen, a jiddereen vun hinnen ass härzlech wëllkomm am neie Grupp derbäi ze sinn.

Mir free’en eis och op jonk Fraen, déi trotz zousätzlichen Aufgaben an Erausfouderungen am Beruf an am Stot, sech Zäit huelen a sech asetzen fir gutt Zwecker a Mënschen a Nout e bësschen ënnert d’Ärm ze gräifen.

Eis Projet fir 2014:

  • Generalversammlung
  • eis Kaffistuff
  • um Parfest hellefen
  • Advents-Kaffistuff
  • en Ausfluch

Den Oeuvres Paroissiales soe mir villmols Merci, dass si eis Kaffisstuff vum 1. Advent weidergefouert hunn, an esou eiser Par e gemittlechen a gesellechen Ufank vun där schéiner a besënnlecher Zäit ubidden.

Déi Dammen, déi sech vun dësen Aktivitéiten ugesprach fillen oder aner interessant Virschléi hunn, duerfen gären d’Madame Murielle Demuth oder d’Madame Christelle Speck kontaktéiren.

Weider Informatiounen sinn op eisem Blog: http://acfl-dudelange.blogspot.com

Kontakt: Demuth Murielle - Tel : 621764883
oder Speck Christelle- Tel: 621543254
eMail: acfl.dudelange gmail.com
 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu