Paroisses
 

Kathoulesch Männeraktioun

Zënter Joeren bekëmmeren sech e puer Diddelénger Hären em d’Weiderbestoen vun der KMA, Sektioun Diddeléng

Eis gréisst Aktivitéit ass all Joer um Pällemsamschdeg, wann de Männerkräizwee op de Gehaansbierg geet. En historesche Site, wou schons fréier d’Leit biede gaange sinn.

Mir zielen am Moment nach eng 70 Memberen a froen e Beitrag vun 12 € pro Joer.

10mol am Joer kënnt eis Zeitung „Kathoulesch Aktioun“ mat villen interessante Berichter an Informatiounen eraus.

Wéi vill aner Organisatiounen wären mir och frou, fir d’Weiderbestoen vun eiser Organisatioun ofzesécheren, wa mir eis Memberzuel duerch nei a jonk Memberen kéinten opbesseren.

Kontakt: Jean Trierweiler - Tel. 51 58 11
 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu