Paroisses
 

Oeuvres Paroissiales

D’Oeuvres Paroissiales Saint-Martin verwalten an ënnerhalen eegestänneg d’Veräinshaus um Nr. 2 an der Antoine Zinnenstrooss.

Mir verlounen un d’Veräiner, d’Gesellschaften an d’Privatleit

  • e schéine, grousse Festsall (Plaz fir +- 350 Leit) mat Bühn,
  • an méi e klenge Sall (de Foyer – Plaz fir +- 50 Leit).

E komplett angeriichte Comptoir an eng Abaukichen stinn och zuer Verfügung.

Eis Säll eegenen sech fir all Zort vu Manifestatiounen: Versammlungen, Concerten, Baler, Familiefeieren, Ausstellungen, Theaterstécker, a.s.w.

D’Oeuvres Paroissiales organiséieren och all Joer dat traditionnellt DIDDELENGER PARFEST !

Kontakt: Norbert Sadler - Tel: 516821 - WEB Kontakt
 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert