Paroisses
 

Paraktioun

De Grupp Paraktioun kuckt op eng laang Traditioun vun iwwer 27 Joër zeréck. Dëse Grupp sezt sich an fir Mënschen an den Drëtt Weltlänner ze hëllefen. D’Paraktioun fänkt ëmmer am Advent un a leeft ongeféier bis de Juli.

De Verlaf vun engem Joer Paraktioun!

Als éischt beméit de Grupp sech fir e Projet ze fannen, wou Mënschen a Nout gehollef ka ginn. Enn November gëtt dann de Projet an alle Massen genau virgestallt. Den Affer vun dëse Massen ass dann ëmmer fir d’Paraktioun bestëmmt.

  • All Joer bastelen d’Kanner Saachen déi fir 0.50€ verkaaf ginn, fir un de Krëschtbëmchen ze hänken deen hannen an der Kierch opgeriicht gëtt.
  • Den LKA-Grupp vun der Schwester Edith bastelt Chrëschtkaarten déi an der Adventszäit no de Massen verkaf ginn.
  • De Grupp vun der Paraktioun ass och all Joer um Chrëschtmaart op der Gemengeplaz vertrueden, wou si Bastelsaachen,Kuch, Stollen asw verkafen.
  • Fir Halleffaaschten ginn och Bretzelen verkaf.
  • An eiser Kierch steet och en extraen Afferstack, wou een d’ganzt Joer eppes kann dra leeën.
  • Am Juni/Juli ass de Grupp och um „Drëtt Weltmoart“ vertrueden.
  • Zum Schluss vum Joer leet „Diddeléng Hëlleft“ och nach ëmmer e gudd Stéck derbäi, sou dass den Erléis vum ganze Joer gewéinlech em 8000-10.000 € ausmécht fir de Projet ze ënnerstëtzen.

Wéi all Grupp si mir och frou iwwer all fräiwëllegen Helfer, deen sech mellt fir bei eis eng Hand mat unzepaken.

Villmols Merci fir äer finanziell Ennerstëtzung an villmols Merci och all eise fräiwëllegen Helfer.

Villmols Merci all denen déi sech fir dëss Aktiounen agesat hunn.
Déi Leit déi interesséiert sinn fir eis eng Hand mat unzepaken an der Zukunft kënnen sech mellen beim Hubert Braquet Tel. 51 89 47

Kontakt: Hubert Braquet - Tel.: 518947
 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert