Kommioun 2021 / Communion 2021



AGENDA 2020-2021
Kommioun 2021 - Agenda - Communion 2021
klickt weg fir e PDF
prière de clique pour un PDF


Traditionnel däerfen d‘Kanner vun Diddeleng 3 Wochen no Ouschteren hir 1te Helleg Kommioun feieren. De Covid-19 léisst eis nach ëmmer net opootmen a mir wëssen net, wat an deene nächste Wochen a Méint nach alles op eis duerkënnt. Sécherlech wäerte mir nach weider mat Restriktioune musse liewen, an dat an all Beräich vun eisem Alldag.
Wéi gesäit et elo fir d’Kommioun 2021 aus?
Fir dass eis Kommiounskanner hiren Dag däerfe feieren, hu mir de Grupp vun 102 Kanner a 5 gedeelt.
De Weekend vum 24. a 25. Abrëll hu mir 4 Familljemassen mat 1ter Kommioun geplangt, déi zwee Deeg all Kéiers um 10h45 an um 15h00. Den 2. Mai däerf dann dee 5te Kommiounsgrupp seng Familljemass um 10h45 feieren.
Méi wichteg wéi e grousst Familljefest ass d’Botschaft, den Haaptmessage, deen eis Kanner bei hirer 1ter Kommioun mat op de Wee kréien: Kommioun feiere bedeit eng Gemeinschaft opbaue mat Jesus Christus, d‘Häerz opmaache fir d’Léift vun him. Jesus Christus huet ëmmer Respekt gewise fir seng Matmënschen. Och dat wëlle mir eise Kanner mat op Wee ginn an si alueden, kee grousst Fest ze feieren, mee an dëser Zäit gemittlech, just mat hiren Elteren a Geschwëster, hir 1te Kommioun ze erliewen.
Mir wënschen eise Kommiounskanner an hire Famillen en oppend Ouer an en oppend Häerz fir dëse Message.

- - - -


Wichtege Message vun de Kanner un déi Erwuessen:


Mir géifen immens gäeren eis Familljemass mat 1ter Kommioun feieren. Dofir froe mir all déi „grouss“ Leit, dass si d’sanitär Moossnahmen, déi am Moment an der Kierch musse berücksichtegt ginn (Masquepflicht, Distanz an de Bänken, Hänn désinfizéieren) och wierklech anhalen.

Villmols Merci,
d’Kanner vun der Kommioun 2021



Si vous désirez avoir des informations au sujet de la catéchèse en paroisse,
n’hésitez pas de nous contacter
* au 📞 621 707 350 - Christiane Engel
* ou par mail: christiane.engel cathol.lu


Eis Kateches op facebook / Notre catéchèse sur facebook
https://www.facebook.com/Par-Diddeleng-Catéchèse-1855796194698388
PDF 882.5 kB, 14. Januar 2021
CATE jusqu’au 02.04.2021

Horaires des célébrations avec catéchèse jusqu’au 2 avril.
Prière de cliquer pour un PDF

PDF 763.6 kB, 26. November 2020
Par Diddeleng CATE Programm bis Chrëschtvakanz

Par Diddeleng CATE programme jusqu’au vacances de Noël
Klickt weg fir e PDF - Prière de cliquer pour un PDF

PDF 374.6 kB, 3. August 2020
CATE - Nei Aschreiwungen - Nouvelles Inscriptions

Klickt weg fir e PDF
Prière de cliquer pour un PDF

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement