D’Kapell um Gehaansbierg huet e neien Daach

Dënschdes, den 11. Februar 2020 huet de Fierschter Guy Netgen bei sengem Kontrollgang um Gehaansbierg festgestallt, dass am Kader vun de Stierm Beem op d‘Kapell um Gehaansbierg gefall waren an den Daach an de Klackentuerm beschiedegt haten. D’Klack selwer war vun de Schied nët betraff.
Well den Ennerhalt vun der Gehaanskapell an den Zoustännegkeetsberäich vum staatleche Service „Sites et Monuments“ fällt, hunn d’Madame Elisabeth Koltz an den Här Jean- Jacques List vu „Sites et Monuments“ sech an dene vergaangene Méint mat vill Energie fir d’Reparaturaarbechten agesat an elo huet d’Kapell e neien Daag an e neie Klackentuurm. Den Daach gouf nei gedillt, d’Dunne vum Gespäer ware nach gutt. 7.500 kanadësch Leeë goufe verschafft an d’Kullange si nei. De Käschtepunkt vun der Stee beleeft sech op 15.000 €, d’Daachaarbechte kaschte 35.000 € an d‘Skulpturaarbechten un de neie Steng um Klackenturm 15.000 €. Déi 65.000 € ginn integral vum Kulturministère iwwerholl.

Elo schaffe mer nach un engem Blitzableiter, d’Gemeng Diddeleng kuckt no der elektrëscher Installatioun, d‘Diir vun der Kapell gëtt gefléckt an d’Kapell bannendrann nei ugestrach. Och dës Aarbechten ginn all vum Kulturministère finanzéiert.
De Johannes den Deefer gëtt am Lukasevangelium Kapitel 3, Vers 9 zitéiert mat de Wierder: „Schon ist die Axt an die Wurzel der Bäume gelegt!“ Egal op Fügung, Schicksal oder Zoufall ... fir d’Kapell um Gehaansbierg war den entwuerzelte Bam e Glécksfall. Humor muss sinn!
Als Pargemeinschaft soe mer dem Här Netgen (Fierschter), der Madame Koltz an dem Här List (Sites et Monuments), der Diddelenger Gemeng an den Handwierksbetriiber häerzlech Merci fir hir schnell Hëllef an efficace Aarbecht. Am Kiercherot mache mer eis Gedanken, wéi mer d’Kapell bannendran kënne méi schéin aménagéieren an an der Pastoraléquipe siche mer no Ideeën, fir se eventuell während der nächster Zäit pastoral méi ze notzen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement