Paroisses
 

Dafvirbereedung an eiser Par

Mir hunn an eiser Par en Dafvirbereedungsgrupp, fir déi jonk Familjen mat hirem Puppelchen op d’Zeremonie vun der Daf virzebreeden an hinnen praktesch Informatiounen iwwert den Oflaf vun der Feier matzedeelen.
Den Zweck vun dësem Grupp ass fir de perséinleche Kontakt mat de Familjen opzebauen an ze probéieren, si lues a lues mat an d’Parliewen anzebannen
duerch regelméissege Kontakt.

An der Parkierch ass e Bam wou mir bei all Kanddaf eng kleng Foto vun all Puppelchen ophänken.
Dës Fotoen bleiwen bis un d’Enn vum Joer hänken.

 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu