E neien Daach fir Butschebuerger Kapell

D’Kapell vu Butschebuerg ass kuerz virun der Franséischer Revolutioun gebaut ginn a huet elo ronn 230 Joer. Iwwert der Entrée steet eng stenge Statu vum Aurelio Sabbatini-Esch (1909-1987), déi den Hellege Lukas duerstellt. De Barockaltor aus dem Joer 1729 kënnt vu Wecker. Den Tabernakel, den Antependium, d’Säitestécker an d’Bekréinung huet de Constant Stehres (1880-1957) gemat.

St Luc
Butschebuerger Kapell

D’Zäit an d’Witterungsbedingungen hun hir Spueren un der Kapell hannerloss an den Daach muss onbedéngt restauréiert ginn. De Käschtepunkt vun den Aarbechten beleeft sech op ronn 57.000 Euro. D’Kapell as a Besëtz vum Kierchefong an d’Par Diddeleng muss d’Aarbechten integral finanzéieren. A senger Réunioun vum 09. Oktober 2019 huet de Kiercherot dofir och décidéiert, fir eng finanziell Ennerstëtzung beim Kulturministère unzefroen. Trotzdem si mer op all finanziell Ennerstëtzung ugewisen.

Wann Dir dem Kiercherot vun der Par Diddeleng wëllt hëllefen, d’Restauratioun vum Daach vun der Butschebuerger Kapell ze finanzéieren, da kënnt Dir dat machen mat engem Don op de Compte vum Fonds Saint-Martin Diddeleng:

CCPL LU83 1111 1016 0344 0000


Mir soen Iech am Viraus villmols Merci!
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement