Kommioun 2021

Kommioun 2021

Lo fänke mir scho geschwënn d’Faaschtenzäit un, a mam Ufank vun der Faaschtenzäit réckelt och Ouschteren ëmmer méi no.
Traditionnel däerfen d‘Kanner vun Diddeleng 3 Wochen no Ouschteren hir 1te Helleg Kommioun feieren. De Covid-19 léisst eis nach ëmmer net opootmen a mir wëssen net, wat an deene nächste Wochen a Méint nach alles op eis duerkënnt.
Sécherlech wäerte mir nach weider mat Restriktioune musse liewen, an dat an all Beräich vun eisem Alldag.

Wéi gesäit et elo fir d’Kommioun 2021 aus?
Fir dass eis Kommiounskanner hiren Dag däerfe feieren, hu mir de Grupp vun 102 Kanner a 5 gedeelt.
De Weekend vum 24. a 25. Abrëll hu mir 4 Familljemassen mat 1ter Kommioun geplangt, déi zwee Deeg all Kéiers um 10h45 an um 15h00.
Den 2. Mai däerf dann dee 5te Kommiounsgrupp seng Familljemass um 10h45 feieren.

Méi wichteg wéi e grousst Familljefest ass d’Botschaft, den Haaptmessage, deen eis Kanner bei hirer 1ter Kommioun mat op de Wee kréien: Kommioun feiere bedeit eng Gemeinschaft opbaue mat Jesus Christus, d‘Häerz opmaache fir d’Léift vun him.
JesusChristus huet ëmmer Respekt gewise fir seng Matmënschen.
Och dat wëlle mir eise Kanner mat op Wee ginn an si alueden, kee grousst Fest ze feieren, mee an dëser Zäit gemittlech, just mat hiren Elteren a Geschwëster, hir 1te Kommioun ze erliewen.

Mir wënschen eise Kommiounskanner an hire Famillen en oppend
Ouer an en oppend Häerz fir dëse Message.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement