Merci Änder!

Den 1. Mäerz ass den André Wolter offiziell a Pensioun gaang, nodeems hie säit iwwer 26 Joer eiser Par zur Säit stoung a mat onermiddlechem Asatz a permanenter Bereetschaft d’Geschécker vun eiser Par matgeleet huet.

A schwieregen Zäiten an a battere Momenter stoung den Änder an der éischter Rei an huet gehollef d’Par op Kurs ze halen.

An duerch den Änder huet eis Par och vill frouh a schéi Momenter kannt.

26 Joer sinn eng laang Zäit, an d’Lëscht vun deem wat den Änder an eiser Par geleescht huet ass richteg laang. Hei e klengen Auszuch dovunner, weder chronologesch nach thematesch zesummegestallt:

  • Feieren fir 100 Joer vun eiser renovéierter Kierch.
  • Kanner- a Jugendpastoral sinn nei strukturéiert a méi attraktiv ginn.
  • Musical, déi an der Kierch opgefouert goufen (Kinnek vun de Léiwen, Kapharnaum, Jousef).
  • Krëppespiller fir Helleg Owend.
  • Krëppenaustellungen.
  • Kommiouns- a Firmungsvirbereedung baussend der Schoul mat Abanne vu bénévolen Elteren a Grousselteren.
  • Live-Optrëtter vu bekannte Sänger (z.B.:Siegfried Fietz, Johannes Mathias Roth) an de Kannermassen
  • Owender a Masse mat bekannten Auteuren (z.B.:Andrea Schwarz).
  • Pilgerfahrten an d’Nopeschlänner.
  • Taizéowender fir Jugendlech.
  • Reese vu de Kanner a Jugendlech vun de Massdinger a Guitaristen a kulturell bedeitend Stied wéi Roum, Paräis, Barcelona, Berlin, München, Prag, London, Amsterdam, Hamburg, … .
  • Aféierung vum Wuertgottesdénscht-Grupp.
  • Presentatioun vun der Par um WWW.
  • Koordinatioun a Kommunikatioun mat de kommunalen, staatlechen an diözesalen Instanzen.

Hien huet dat alles net eleng gemeet, mee den Änder konnt Mënsche begeeschteren an all déi verschidden Talenter, Iddiën a Fähegkeeten an dem jeweilege Grupp zesummeféieren an zu engem Team zesummeschweessen.

Ganz am Sënn vun der Par huet den Änder séng Nofollëg geplangt a geregelt.
Hien huet seng jeweileg Nofolger jorelaang an déi entspriechend Aufgaben a Resposabilitéiten agefouert. A läschter Zäit konnt den Änder sech du lues a lues zeréckzéien.

Awer hien hällt elo net ganz op an a ville Beräicher vun eiser Gemeinschaft hëlleft den Änder aktiv als frëschgebakene Pensionnär weider mat, sief et als Präsident vum CGP, an der Koordinatioun vun de Gottesdéngschter, der Virbereedung vum Parblat, bei de Begriefnësser, … .

Änder, eis Par verdankt Dir vill a seet Dir vir all dat, wats Du fir si geleescht hues villmools Merci. Elo awer och schon e grousse Merci fir all dat, wats du weiderhi fir a mat eis all zesumme mëchs.

Eis Par, Déng Par, war Däi Gaart an Du wars a bleiws ee vun de ganz wichtegen Aarbechter an dësem Gaart, een Ecksteen un deem déi eenzel Beeter ugeluecht goufen an ausgeriicht ginn.

Villmols Merci! Änder.

Déng Diddelenger Par

Dir kënnt den Text als PDF kucken an erof lueden:
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement