Paroisses
 

Restauratioun vun der Fassade vun eiser Parkierch

An hirer Generalversammlung huet d’Chorale St Martin e Scheck vun 1000.- € iwwerreecht zu Gonschte vun der Restauratioun.
Villmools Merci dofir,datt si net nëmmen d’ganzt Joer mat hirem Gesank eist Parliewen beräicheren, mee och nach d’Verschéinerung vun eiser Kierch tatkräfteg ënnerstëtzen.
Bei dëser Geleeënheet wëlle mer awer och all deene Merci soen, déi schonn eppes op de Kont vum Fonds Saint Martin iwwerwisen hunn.

D’Restauratioun vun der Fassade vun eiser Parkierch ass am gaang fir datt eis Kierch och no baussen schéin am Stadkäer vun Diddeléng ass.
Mir als Kierchefabrik mussen 400.000 € beileeën an dorfir géifen mir eis iwwert all finanziell Ennerstëtzung an Donen freeën.

  • Kontosnummer Fonds St Martin CCPL LU83 1111 1016 0344 0000
  • mam Vermierk „Restauratioun vun der Fassade Parkierch Diddeléng“
 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert