Paroisses
 

Sammele vun alen Timberen

Gestempelt a gebraucht Timbere, z.B.: vun der Vakanzen- oder Chrëschtpost, mussen net ewechgeworf ginn.

Et kann een se erofschneiden a versuergen. Et kann een zum Beispill an der Noperschaft oder um Büro froen, fir d’Timberen ze kréien.

D’Timbere gi verkaaft a mat dem Erléis gëtt Kanner an den aarme Länner gehollef: si kréien Bläistëfter an Hefter, Medikamenter, si kréien eng Bibel a ginn an d’Frëndschaft mam Jesus agefouert.

Eng Sammelkëscht steet lénks hannen an der Kiirch beim Dafsteen.

Villmols MERCI

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu