Verdeelung vun Donen 2021

Léif Memberen vun der ACFL ( Fraen a Mammen Dikrich )

Wéinst der aktueller Situatioun kënne mir dëst Joer keng Generalversammlung ofhalen.

Mir wëllen Iech awer en Abléck an eis aktuell Situatioun vum Veräin ginn .
Mir hunn d’Konten vun der Missiounssektioun an vun den Fraen a Mammen zesummegeluecht. Dëst huet eis erlaabt 2021 folgend Organisatiounen ze ënnerstëtzen.

- Fondation Raoul Follereau
- Bréck mat Latäinamerika
- Chrëschte am Sahel Fondation Luxembourg-El Salvador
- Pater Braun Chili
- Missions des Soeurs Franciscaines
- Médecins du Monde
- Vie Naissante
- Fondation Elvire Engel an d’Stroossenengelen Dikrich.

Am Ganzen sinn 12.000 € verdeelt ginn.

Iech all villmools Merci datt dir derzou bäigedroen huet dëst ze erméiglechen.

Léif Gréiss a bleift gesond
De Comité


Sollt Dir de Beitrag fir d‘Memberskaart nach net iwwerwisen hunn?
Hei d’Informatiounen dofir :
Kontosnummer : CCPLLULL IBAN LU 96 1111 1517 9486 0000
Fraen a Mammen Dikrich
Mentioun : Memberskaart 2021 ( 15 € )

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement