|
FürbittenFürbitten DräikinneksdagDe Jesus gouf gedeeft, zesumme mat ville vu senge Leit. Duerch d’Daf si mir och an dëst Vollek opgeholl. Als Kanner Gottes, biede mir fir eis Welt a sou vill Leit, déi Gottes Hëllef, Gerechtegkeet a richtege Trouscht brauchen. (V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt) Fir all déi op de Numm vu Jesus gedeeft sin, fir all déi séch op d’Daf virbereeden a fir déi vill, déi u Gott gleewen, dacks ouni et wierklech zë wëssen. V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt Mir biede fir all déi, déi bal alles am Feierstuerm bei Los Angeles verluer hun, fir all déi, déi retten, läschen, fir déi vill , déi de Mënschen hëllefen aplaz d’Katastrof politesch ze notzen. V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt Fir all déi, déi an autokrateschen oder diktatoresche Länner liewe mussen, fir déi vill, déi d’Demokratie géint hir Géigner verdeedegen. V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt Mir biede fir all, déi wëlle weiderhin der Ukrain hëllefen, fir déi vill Doudeg a Blesséiert no neie schreckleche Bommenattacken , fir all déi, déi virum Terror geflücht sinn an hei no Sécherheet sichen, fir déi vill, déi am Hellege Land a ronderëm ënnert Krich a Gewalt leiden. V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt Fir all déi, déi ënner Hëtzt oder Keelt, Iwwerschwemmungen oder Bränn leide, fir all déi, déi engagéiert gi sin déi global Äerderwäermung ze bremsen a fir all jonk Leit, deenen hir Zukunft ëmmer méi ongewëss schéngt. V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt Mir biede fir all déi, déi sech selwer besser kenneléiere wëllen, fir all Fraen, Männer a Kanner, déi Liewen a Glawe léiere wëllen, fir déi vill, déi fir anerer do sinn an hire Glawe mat hinnen deelen. V: Jesus, vu Gott gewielt - A: Trouscht fir eis Welt Gott, Jesus huet als däi Jong fir d’Mënschheet gelieft an ass eise Brudder a Meeschter ginn. Mat him dierfe eis Welt an d’Mënschen dir uvertrauen. Mir soen dir Merci a luewen dech haut a muer, an dësem Hellege Joer vun Hoffnung a bis an déng Éiwegkeet. Amen D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF all Fürbittentexter amArchiv /669 tous les textes à l’archive |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement