Paroisses
 

D’Klacken vun der Lambertus-Kierch Elléng

D’Geschicht vun de Klacken vun der 1872 erbauter Ellénger Lambertus-Porkiirch
(Quell: Porarchiv)

Kirchturm von Ellingen
(© Marc Urhausen)

Klacken sin en Deel vun eiser chrëschtlech geprägter Kultur. D’Klacken markéieren de Rhythmus vun der Zäit. Si ruffen zum Gebied, zur Aarbecht an zur Fräizäit. Dozou schreiwt de Wiener Konschthistoriker Friedrich Heer Folgendes: „Diese Ordnung inspirierte den abendländischen Menschen zu hohen geistigen und künstlerischen Leistungen.“

D’Geschicht awer léiert eis säit Joerhonnerten, an dëst ouni Ausnahm: Verstommen d’Klacken, da sin Liewen, Fräiheet, Toleranz a Mënschlechkeet a grousser Gefoer. An Europa begleeden d’Klacken säit dem 5. Joerhonnert d’Mënschen op hirem Liewenswée a prägen dësen am Ennerbewosstsin. Vum 22. Mee 2003 un konnt een zu Elléng dës „Stëllt“, déi awer bedingt war duerch d’Sanéierung vum Kiirchturm, erliewen. Et huet eppes am Dagesoflaf vum Duerf gefeelt.

Mée, blécke mer fir d’éischt an d’Geschicht vun den Ellénger Klacken zréck. Am Visitatiounsbericht vu 1714 gët e gudden Zoustand vun der Lambertuskapell festgestalt. An dësem Visitatiounsbericht gët och ernimmt, datt d’Lambertuskapell eng Klack huet: „ ... Anderseits vernehmen wir, dass ein vergoldeter silberner Kelch, eine Kasel und eine Glocke vorhanden sind “. Et as unzehuelen, datt tëschend dëser Zäit och nach eng Rei Klacken ugeschaaf gi sin, allerdéngs missten do nach Recherchen gemaach gin.

Wéi de 24.Januar 1803 Elléng zur eegestänneger Por erhuewe gin as, krut déi aal Lambertuskapell um Kiirfecht den Titel „Porkiirch“. Interessanterweis haat déi aal Lambertus - Porkiirch virun 1872 schon zwou Klacken, obschon hire baulechen Zoustand ëmmer méi schlecht gin as. Nodeem den 1. Juni 1872, déi jetzeg nei Lambertus - Porkiirch am Duerfkär konsekréiert gouf, sin all Mobilar a liturgesch Géigestänn mat an déi nei Porkiirch geholl gin. Grad wéi och déi grouss Klack vun 1851 (281 Pond) an déi kleng Klack vun 1862 (231 Pond).

1872 schreiwt de Paschtouer Henri Theves an de Kiirchenregëster Folgendes:
„In dem nämlichen Jahre (1872) wurde das Dachwerk der alten Kirche abgerissen; von dem alten Gehölz wurden Glockenstühle so wie ein Sakristeischrank für die neue Kirche gemacht.“ Et as unzehuelen, datt dësen holzene Klackestull vun 1872 bis virum 30. Dezember 1946 am Kiirchturm
vun der nei gebauter Porkiirch war. Den 30. an 31. Dezember 1946 gouf en neie Klackestull aus Eisen fir zwou Klacken installéiert, deen bis zum 22. Mee 2003 am Kiirchturm war. Bedingt duerch d’Sanéierung an duerch d’Uschaafung vun zwou zousätzlech neie Klacken as den eisenen Klackestull vu 1946 an der Woch vum 28. Juli bis 1. August 2003 ersaat gin duerch en neie Klackestull aus feierverzénktem Wénkeleisen.

Eischt Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus – Porkiirch, den 23. Abrëll 1874

Nodeem 6 Méint an der neier Porkiirch Gottesdéngscht gefeiert gouf, koum eng nei Erausfuerderung op déi Ellénger zou. De Paschtouer Henri Theves schreiwt am Kiircheregëster: „Am 28.November 1872 ist während des Läutens zum Rosenkranz die größere unserer beiden Glocken gerissen und danach unbrauchbar geworden“.

De Paschtouer Henri Theves dréit an de Kiirchenregëster 1874 / No.95. Folgendes an:
„Am 23.April 1874 wurden unsere 2 neuen Glocken vom Herrn Dechant Peter Klein von Remich eingesegnet, nach der Einsegnung im feierlichen Hochamt mit Ministration und Pluviale gehalten - zugegen waren die Herren Geistlichen Franz Theves, Pfarrer zu Wellenstein; Peter Blum, Pfarrer zu Mondorf; Johann Spanier, Pfarrer zu Elvingen, Johann Eduard Kellen, Pfarrer zu Stadtbredimus; Nikolaus Blanc, Vikar zu Remerschen;

die eine Glocke erhielt den Namen des Kirchenpatrons Lambertus, die andere den Namen Maria – Taufpaten bei der Glockenweihe waren:
(Originalliste von 1874 der 61 Taufpatenfamilien aus Ellingen) ...

Auf den Glocken ist die Inschrift: SIT NOMEN DOMINI BENEDICTUM; PAROCHIA ELLINGEN, PAROCHUS H. THEVES. Auf der anderen Seite: gegossen von Johann und Nikolaus Mabilon in Saarburg 1874. Auf der neuen Glocke ist das Bild des hl. Lambertus, des Kirchenpatrons von Ellingen, auf der anderen das Bild der Muttergottes – die kleine Glocke wiegt 465 Pfund, hat den Ton C = Si; die große Glocke 659 Pfund, hat den Ton B = La ; also die beiden Glocken machen zusammen 1.124 Pfund ohne den Klöppel; zu 2 Franken per Pfund macht 2.248.- Franken; außerdem erhält der Glockengießer für Beschlag, Lederzeug, Klöppel, Aufhängen 53 Taler = 198,75 Franken; die neuen Glocken kosten also zusammen 2.248 + 198,75 = 2.446,75 Franken. – Auf diese Summe haben wir dem Glockengießer unsere beiden alten Glocken herausgegeben, die große gerissene Glocke von 1851 zu 281 Pfund, die kleine von 1862 zu 231 Pfund im Ganzen 512 Pfund. Der Glockengießer gibt für das Pfund der alten Glocken 1,50 Franken, also für 512 Pfund 512 x 1,50 = 768 Franken. Wir bleiben dem Glockengießer also noch schuldig 2.446,75 – 768 = 1.678,75 Franken.“

Zweet Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus - Porkiirch am Joer 1903

Scho kuurz no der Klackeweih vun 1874 hat eis jëtzeg Porkiirch hir zweet Klackeweih.
Déi aal Marienklack vun 1874 (465 Pond / Doun C = Si) war schon 1903 gerass. De Paschtouer Pierre Schiltz huet dun bäi der Firma Mabilon zu Saarburg déi jëtzeg Marienklack (d’Angelus-Klack), déi dann un 100 Joer Por erënnert, an Opdrag gin. 1903 as si geweiht gin an nach haut rifft si dräimol am Dag zum Gebied op. Sou wäi ët op der Klack selwer steet: „VENITE ADOREMUS DOMINUM“. „Kommet und lasset uns anbeten, den Herrn.“

„Pfarrer Guillaume (Nachfolger von Pfarrer Schiltz) schreibt 1904 als Nachtrag im Kirchenregister: Im Jahre 1903, unter Pfarrer Schiltz, ist eine der 2 Glocken (die Kleinere) (s.Nr.95/1874) gerissen und es wurde eine noch größere angeschafft. Dieselbe wiegt 1.080 Pfund. Nach Abzug der alten gerissenen kostet die neue nur 1.100 F, welche Summe durch freiwillige Beiträge aufgebracht wurde. Dieselbe stammt aus derselben Fabrik Hansen - Mabilon von Saarburg.“

D’Famill Mabilon war eng vun den eelsten Klackengéisserfamilljen aus Däitschland (1770 – 2002).

Donnéen vun der Marien-Klack (Angelus-Klack):
„Anno 1903 „MARIA“, Gießer war die Firma Mabilon / Saarburg,
Durchmesser 98 cm, H 98 cm (mit Krone), Ton Sol dièse, 540 kg, mittelschwere Rippe
Zwischen einem Rosen- und einem Traubenfries läuft die zweizeilige Schulterschrift:
VENITE ADOREMUS DOMINUM / GEGOSSEN UNTER DEM H.H. PASTOR P. SCHILTZ VON MABILON & CIE in Saarburg 1903 – Nr. 2379
Flankenrelief: die Gottesmutter mit Kind steht auf der Mondsichel und zertritt den Kopf der Schlange; dahinter Kruzifixus.
Kommet und lasset uns anbeten den Herrn.“

Drëtt Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus – Porkiirch, Mëttwochs, den 1. Januar 1947

1946 stong dun eis jëtzeg Porkiirch virun hirer drëtter Klackeweih. Eng Rei Duerfleit kënnen sech nach gudd dorunner erënneren. Déi aal Lambertusklack vun 1874 (659 Pond / Toun B = La) as 1940 gerass. No laangem hin an hir as beschloss gin, eng ganz nei Klack an der Schwäiz zu Aarau vun der Firma H. Ruetschi S.a. géissen ze loossen. Hei en Auszuch aus dem Kiircherotsregëster vun Elléng vum 18. November 1945:
„Gezeichnet: Pfarrer Charles Kons, J.P. Diderrich, P. Krier, J. Spronck, J.P. Valentiny.
Der Kirchenrat, in Anbetracht, dass die kleinste der zwei Kirchenglocken von Ellingen, welche ein Gewicht hat von 300 kg und 84 cm Durchmesser, sowie den Ton si hatte (die größte der Glocken hat 98 cm Durchmesser und den Ton la), seit bereits über fünf Jahren einen großen Riss erhalten hatte und deshalb einen ganz falschen Ton von sich gibt und somit sich die Instandsetzung der geborstenen Glocke aufdrängt, in Anbetracht, dass die Direktion der Handwerkerschule von Esch / Alzette den Vorschlag gemacht hat, die schadhafte Glocke wiederum zusammenzuschmelzen, welches Experiment in der Schweiz bereits mit Erfolg ausgeführt wurde, in Anbetracht, dass die Ausführung der oben erwähnten Arbeit gemäß der Schätzung eines Professors genannter Anstalt nur etwa 5.000.- Franken zustehen käme, welche Summe die Kirchenfabrik bereits zur Verfügung hält, beschließt die Zusammenschmelzung der geborstenen Glocke durch die Handwerkerschule von Esch / Alzette vornehmen zu lassen und bitte das hochwürdigste bischöfliche Ordinariat dazu seine Genehmigung zu erteilen.“ .... „Da dieser Beschluss nicht genehmigt wurde, wird eine neue Glocke bei der Glockengiesserei H. Rüetschi A.G. Aarau, Schweiz bestellt. Gewicht 950 kg, Tonhöhe fa-dièse , Preis 70.000.-lfrs.“

Déi aal Lambertusklack vun 1874 as ageschmolz gin an aus der klenger „Lambertusklack vun 1874 as déi grouss „Celsus – Lambertus – Klack“ vun 1946 gin, déi an der Schwäiz zu Aarau vun der Firma H. Ruetschi S.a. gegoss gin as. Zënter bal 700 Joer gin zu Aarau d’Klacke gegoss: „Fusa sum arow“ – „zu Aarau gegoss“ heescht ët meeschtens.

Donnéen vun der „Celsus - Lambertus-Klack“:
„Anno 1946 „Celsus und Lambertus“, Gießer war Herman Rüetschi aus Aarau / Schweiz
Durchmesser 115 cm, H 115 cm (mit Krone), mittele Rippe, Ton Fa dièse, 950 kg (aale Knëppel: 50 kg) Sommer 2003 auf fis’-7 herunter gestimmt: Ton Fa“ dièse-7
Doppelzeilige Votivschrift an der Schulter unter einem Akanthuspalmettenfries:
HELEGEN CELSUS SEN ONS HAUT ELLENGEN FEST OP DECH VERTRAUT
+ GLORIOSE SANCTE LAMBERTE AUXILIARE PIE POSTULANTIBUS PAROCHIANIS IN ELLINGEN
Auf der Flanke das Relief des hl. Lambertus als römischer Streiter mit Schwert und Lanzenfähnlein.
An der Hinterwand fünfzeilig:
ANNO DOMINI 1946 / REGNANTE MAGNA DUCE CAROLA / EPISCOPO JOSEPHO PHILIPPE / DECANO BERNARDO RIES / PAROCHO CAROLO KONS
Am Schlag das Gießer Signum:
ME FUNDEBAT H.RUETSCHI; S. – A. AARAU, HELVETIA
O glorreicher, heiliger Lambertus, helfe den fromm bittenden Pfarrkindern in Ellingen.“

Dës Klack, déi mir zu Elléng oft nëmmen „Celsus - Klack“ nennen, as awer den 1. Januar 1947 deenen zwee Kiirchepatréiner vun Elléng geweiht gin. Et as also d’ „Celsus a Lambertus“ Klack. Eng Erklärung fir wat se éischter „Celsus - Klack“ genannt gët, as sëcherlech datt d’Veréierung vum hl. Celsus am Laf vun den Joeren zougeholl huet an och datt d’Jongbaueren der Ellénger Kiirch dës Klack gestëft hun, als Merci fir de besonnesche Schutz vum hellegen Celsus während de Krichsjoeren.

Résumé aus den Notizen vum Albert Heuschling (+20.12.1973), Schoulmeeschter zu Elléng vun 1917-1949:
Den 22. Dezember 1946 as d’Klack op Elléng komm. Staark Männer hun se dun direkt an d’Kiirch gedroen a virun d’Kommuniounbänk bäim Muttergottesaltoer opgestallt. Si gouf op en hëlzend Gestell opgehaang.

Den 30. - 31. Dezember 1946 gouf en neie Klackestull aus Eisen installéiert. Dëse Klackestull hëllt manner Plaz am Turm an, well déi nei Klack méi grouss as, wéi déi Klack, déi ersat gët.

D’Klackeweih zu Elléng den 01.01.1947
Dës selten Feier fir en Duerf gouf a Vertriedung vum Här Bëschof, dée krank war, duerch den Här Dechen Bernard Ries vu Réimech gehal. Als Ufankslidd huet d’Chorale Ste. Cécile “Veni Creator” gesongen.
Haaptgedanken vun der Priedegt waren:
1. Neit Joer a Klackeweih
2. Klackeweih a Priesterweih
3. Zeremonien bäi der Klackeweih
4. Missioun vun der Klack: Stëmm vum Himmel, Vermëttlerin zwëschen Gott an de Mënschen, mächtegst Stëmm am Duerf.
5. Erklärungen vum Evangelium: Jesus bäi Maria a Martha

Währenddéem d’Klack ageweiht gët, séngt d’Chorale „Misere mei Dei“ an 2 Hymnen. Nodeem d’Klack ageweiht as, schloen d’Geeschtlech a Pätter a Giedel 3mol mat engem Hummer widder d’Klack. No enger klenger Sakramentsandacht defiléieren d’Leit och bäi d’Klack a schloen 3mol mat engem Hummer widder d’Klack. Duerch d’Sakristei verloossen si d’Kiirch. Vu Pätter a Giedel huet jidferéen eng Tut Zockerbounen krut.

Pätter a Giedel waren: Maria Hoffmann-Roeser, Nik Kummer, Anna Krier-Mondloch, Jean-Pierre Valentiny, Angela Speck-Boss, Michel Sünnen.

De Kiirchturm tëschend 1947 an 1993:
Nu war ët laang roueg am Ellénger Kiirchturm. 1959 gouf ët och scho mol e Projet fir eng drëtt Klack unzeschaafen. Deemols war en Devis bäi der Klackegéisserei Johannes Mark aus Brockscheid gefrot gin. Et gong riets vun enger Klack vun 380 kg mam Toun h’. Mée dëse Projet as nie realiséiert gin.

Munch technesch Reparaturen sin alt mol ugefall an ech ka mech gutt erënneren, wéi ech klenge Massendénger war, as den Här Paschtouer Théophile Walin am Wanter an de Turm geklomm fir der Marienklack, däer ët sëcherlech ze kaal war, e Coup ze gin, fir dass se ukoum mat lauden. Fir deem entgéint ze wiirken as alt e Stéck un de Knëppel geschweesst gin, wat de Problem deelweis geléist huet, sëcherlech awer keng gudd Léisong war.

Als Koschter kann ech mech och nach gutt erënneren, wéi Enn der 70eger an 80eger Joeren d’“Celsus – Lambertus – Klack“ mat hirem Knëppel, zäitweileg géint den Turm geschloen huet an e ganze Bou an d’Tuermmauer geschlo huet. Dëse Knëppel as duerch d’Ausléieren vum Geschrauws a vum Lieder souvills méi erofgaangen an doduercher bäim Lauden un d’Turmmauer komm. Wéi duerch e Wonner as d’Klack net futti gaangen an ët as jhust bäim Mauerschued bliwen.

Eréischt 1993 gouf ët eng Urgence mat Folgen. D’“Celsus – Lambertus - Klack“ war „liewensgeféierlech“ gin: mat hirem Knëppel huet si an de Motor vun der „Marienklack“ geschloen an zwar esou datt déi net méi richteg lauden konnt. Am Mee 1993 hun d’Gemeng an de Kiircherot sech mam Problem befaasst.

Déi zwou Klacken hun hir drëtt nei Motoren krut an domatter och nei Knëppelen. Dës nei Knëppelen sin net méi esou schwéier wéi déi aal. Duerch déi nei Motoren hun d’Knëppelen net méi den Zweck fir de Klacken zum Schwong ze verhëllefen, mée si sollen se nach jhust beréieren. Déi aal Knëppelen vun der éischter Stonn gin am Turm als Undenken versuergt.
Et siew nach erwähnt, datt 1964 déi aal Sakristei - Auer ersaat gin as duerch eng Klackenschaltauer vun der Firma Hörz vun Ulm, déi ebenfalls wéinst gréissere Reparaturen am Juni 1991 duerch eng nei Schaltauer vun der CEL ersat gin as.

An esou huet erëm alles zum Beschten funktionéiert an ët as net méi no de Klacken gekuckt gin bis de 26. Abrëll 2002 e Relais futti war. Et kann dach net sin, datt eng Kiirchenheizong an eng Uergel ... regelmässeg Revisiounen gemaach kréien an d’Klacken net, obschon datt ët „Maschine“ sin, déi och „liewensgeféierlech“ kënne gin. Eng regelmässeg Kontroll vun de Klacken as mat Frais’en verbonnen, mée op kee Fall as ët Luxus.

Sanéierung vum Kiirchturm vun der Ellénger Lambertus – Porkiirch am Joer 2003

Glockenhaus vor der Renovierung
(© Marc Urhausen)

Zënter dem Bau vun der jëtzger Porkiirch as d’Kiirch schon oft renovéiert gin, awer nom Kiirchturm selwer as nach nie an deem Mooss gekukt gin wéi 2003. Wuel waren eng Rei Klackeweihen, wou am Turm geschafft gin as, awer trotzdeem war den Turm ëmmer en niewesächlechen Deel vum Kiirchegebei.

Den 200. Anniversaire vun der Por Elléng war eng gudd Geleënheet, den Ellénger Kiirchturm, deen 131 Joer huet, bannen komplett ze sanéieren. Oft gët jhust dat renovéiert wat d’Aa gesäit, mee ët as wichteg, datt och dat Bannescht stëmmt. Sou as ët och bäi engem Kiirchegebei. Den Ellénger Kiirchturm war total verknascht vun de villen Dauwen. D’Sëcherheetsnormen waren net an der Rei a Villes nach méi.

Den 29. Mee 2001 war de Brudder Michael Reuter OSB vu Maria Laach, de Klackenexpert vun der Diözes Tréier a vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg, zu Elléng. Hien huet den techneschen an de musekaleschen Zoustand vun eise Klacken ënnersicht, grad wéi d’Sëcherheetsnormen am Turm selwer. Hien huet och gekuckt op, a wéi eng musekalesch sënnvoll Ergänzung vum Gelauds méiglech wäer.

A sénger Expertise vum 13. September 2001 schreiwt de Brudder Michael Reuter zu eise Klacken an zur Klackenerweiderung Folgendes: „ ... Beide Glocken (Ruetschi 1946 & Mabilon 1903) sind sehr kräftig im Klang. Die Glocke von Ruetschi ist sehr obertönig, wie man es von dieser Rippe gewöhnt ist. Die Innenharmonie der Prinzipaltöne beider Glocken sind sehr ähnlich ausgefallen. Um so schmerzlicher fällt das zu eng geratene Intervall der Schlagtöne (Nominal) auf. Die Leuchtkraft, die einer Mollterz eigen ist, fehlt völlig. Der Zweiklang wirkt sehr trüb. Bei anstehenden Arbeiten sollte der Nominal der großen Glocke auf fis’-7 heruntergestimmt werden. Das ist technisch unproblematisch und musikalisch ein großer Gewinn. .... Ein zweistimmiges Geläute kann musikalisch nur schwer befriedigen. Durch die immer gleiche Pendelfrequenz der beiden Glocken wirkt der Läuterhythmus ermüdend. ... Die Größe der Kirche und der Gemeinde lassen eine Geläuteerweiterung keineswegs als Luxus erscheinen. ... Ausserdem lehrt die Erfahrung, dass ein schönes Geläute auch immer wieder Freude macht, selbst bei Menschen, die sonst der Kirche fern stehen. ... Das Vollgeläute wird sich als ein sehr festlich wirkendes Geläute präsentieren, das bei gut ausgebauter Glockenstube unter Umständen sogar noch den imaginären Summton einer grossen d-Glocke ertönen lässt. ...“

Zum Kiirchturm selwer schreiwt de Brudder Michael Reuter Folgendes: „ ... Der Glockenturm ist auch der Zugang zum Kirchendach. Dieser Übergang sollte im Zuge vorbeugenden Brandschutzes unbedingt mit einer feuerhemmenden Türe verschlossen werden. Glockentürme haben im Brandfall Kaminwirkung und können ein kleines Feuer extrem anfachen.
Die Glockenstube ist durch technisch wie musikalisch ungünstige Jalousien nur unzureichend gegen Witterungseinflüsse gesichert. Die vorhandenen Jalouisen beeinträchtigen die Architektur in sehr negativer Weise. Zudem leiten sie den Glockenklang direkt auf die Nachbarschaft der Kirche. Die Fernwirkung des Geläutes ist dagegen unzureichend.
Richtig hergestellte Jalouisen leiten den Schall dagegen direkt in die Ferne und bilden für die unmittelbare Nachbarschaft einen Klangschatten. Gleichzeitig sichern sie den Turm gegen Witterungseinflüsse und Vogeleinflug. Dazu sollten Lamellen mit rückseitigen Reflexbrettern eingebaut werden. Die Schlitze zwischen den Reflexbrettern sollten lediglich 30 mm betragen. Der Neigungswinkel der Lamellen sollte ca 20° betragen. Der Einbau neuer Jalousien ist zur Sicherung des Bauwerkes und der wertvollen Geläuteanlage dringend zu empflehlen. ... Bei richtig eingebauten Jalouisen sind die Emissionswerte eines Geläutes innerhalb der zu tolerierenden Werte.
Zugleich muß die Glockenstube nach oben durch den Einbau einer zusätzlichen Holzdecke verschlossen werden. Eine solche Decke sichert die Geläuteanlage gegen herabfallenden Schmutz. Zugleich wird dadurch die Glockenstube erst zu dem Resonanzraum, den Glocken benötigen, damit sich der Klang harmonisch entfalten kann. ... Die Elektroinstallation sollte von einer autorisierten Fachkraft auf ihre Sicherheit überprüft werden. Außerdem sind ausreichendes Wartungslicht und ein Stromanschluß im Bereich der Glockenstube vorzusehen.
Ich empfehle, in der beschriebenen Weise eine große Lösung anzugehen. Die Kosten für die Gesamtmaßnahme werden sicher nicht leicht aufzubringen sein. Das Ergebnis wird aber, dessen bin ich sicher, so viel Freude bereiten, dass alle Beteiligten von einer guten Kapitalanlage überzeugt sein werden. ...“

No dëser schrëftlecher Expertis vum Brudder Michael Reuter OSB sin eng Rei Méint vergaangen.
Erréischt den 28. Oktober 2002 as de Kiircherot mam Klackenexpert, dem Brudder Michael Reuter OSB, an der Ellénger Schoul zesummekomm. Hien huet de Kiircherot beroden an déi néideg Erklärungen zu sénger Expertis gin. Vu Januar bis Mäerz 2003 si fënnef verschidden Klackegéisser den Ellénger Kiirchturm kuke komm an hun hir Virstellungen an Deviser dem Kiircherot matgedeelt.

No laangem Iwwerleën huet de Kiircherot vun Elléng am Accord mat der Gemeng Mondorf de 14. Februar 2003 – op Valentinsdag - beschloss, den Ellénger Kiirchturm komplett ze renovéieren.

Den 28. Mäerz 2003 war de Brudder Michael Reuter OSB erëm eng Kéier zu Elléng fir d’Kiirchefabrek bäim Planing a bäim Duerchféieren vun dësem Sanéierungsprojet am Kader vum 200. Anniversaire vun der Por Elléng ze beroden.

De 5. Abrëll 2003 hat de ganze Kiircherot mat der Klackengéisserei „Hermann Schmitt“ vu Brockscheid (Äifel), déi den Opdrag krut huet, Rendez - Vous am Ellénger Kiirchturm. Nach eng Kéier gouf am Détail alles duerchgeschwat an e Planing opgesat.

Den 12. Mee 2003 hat d’Gemeng mat verschiddene Firmen Rendez – Vous am Ellénger Kiirchturm, deen den 19. Mée gebotzt gin as an zu gläicher Zäit as d’Uergel vun de Gemengenaarbechter zougehaange gin.

Géissen vun den Ellénger Klacken 2003

Eine der vier neuen Glocken für Ellingen
in der Glockengiesserei „Hermann Schmitt“ Brockscheid (Eifel) (© Marc Urhausen)

Eng Rei Leit aus dem Duerf hun déi historesch Geleënheet genotzt a waren derbäi wéi den 20.Mee 2003 zu Brockscheid d’Buchstawen op eis nei Klacken gesat gi sin. Déi grouss Klack as dem hl. Jousef geweiht mam Thema „Behitt eis Familjen“ an déi kleng Klack der hl. Theresia vu Lisieux mam Thema „Freed um Glaawen“.

Mat groussem Interesse hun d’Nicole Lafleur, den Arthur Neu, de Raymond, de Laurent a de Luc Goedert dem Hermann an dem Michael Schmitt nogekukt, wéi si mat der Hëllef vun de jeweilege Schablounen eng Trennschicht vu Fett op eis „Falsch Klacken“ dropgemaach hun, fir dann doropper d’Buchstawen (eise jeweilegen Text) aus Wues dropzesetzen. Nodeem all Buchstawen eenzel gesat gi sin, blouw nach eng stonnelaang Aarbecht fir de Klackegéisser: ëmmererëm sin eis “Falsch Klacken“ agefett gin – eng ganz Nuecht laang.

Mëttwochs, den 21. Mée 2003 no der Owesmass hun d’Klacken fir d’leschte Kéier an der zënter 1947 bekannter Weis gelaud. Puer Deeg virdrun hat d’Pastoralassistentin, Regina Hüneke, d’Klackegelauds op CD opgeholl, fir dass an de kommende Wochen d’Klacken iwer eng Anlag zu de Gottesdéngschter kéinte ruffen. Den 22. an 23. Mée 2003 as den aale Klackstull vun 1946 ausgebaut gin an eng gewëssen Trauregkeet war am Turm, wéi op all Etage an der „Stëllt“ eng Klack stoung. Méindes, de 26. Mée 2003 huet de Koschter mat sénge Kanner déi aal Klacken gewäsch an ët si fläisseg Photoe gemaach gin.

Den 28. Mee 2003, um Virowend vu Christi Himmelfahrt, sin déi zwou nei Klacken an der d’Klackegéisserei Hermann Schmitt zu Brockscheid gegoss gin. Stonnen virdrun gët de Schmelzuewen op déi richteg Temperatur bruecht a mat 78% Koffer an 22% Zënn gefiddert.
Vun Elléng mat derbäi waren: den Här Paschtouer Fränz Muller, Pastoralassistentin Regina Hüneke, Paul Siebenaler, Fam. Bichler - Feyder, Tessy an Arthur Neu, Fam. Goedert - Schüssler, Fam. Pütz - Scheuer an de Marc Urhausen.

Virum Goss huet eise Paschtouer Fränz Muller d’Klackegéisser geseent an zesummen mat hinnen a mat den Ellénger Porkanner gebied fir e gudd Geléngen vum Klackegoss. Endlech ëm 15:32 Auer war ët dun sou wäit, wéi duerch déi verschidden Kanäl de Goss, wéi waarm Lawa, zu den eenzelnen Klacken gefloss as. Op Uerder vum Klackemeeschter gët d’Gosslach opgemaach an d’Form, déi déiw an der Äerd as, gët geföllt. Duerch déi aaner zwee Lächer päifen a brennen d’Gasen an d’Loft - en impressionant Erliewnës. An d’Klackegéisserei Hermann Schmitt huet eis eppes geléiert, waat mir meeschtens haut net méi hun: nämlech Zäit. An déi muss een bäim Klackegéissen hun.

Zréck zu Elléng gong ët dun virun mam Ofklappen a Beworf vun den 3 Turmétagen. Vum 2. bis 4. Juni 2003 as den aalen Verbotz am Kiirchturm ofgeklappt gin a vum 11. bis 14. Juni 2003 as den neie Spezial- Botz opgedroe gin.

Déi nei Jubiläumsklacken kommen op Elléng 17. Juli 2003
Donneschdes owes géint 20:00 Auer – endlech - déi nei Klacken kommen op enger Autosremorque zu Elléng un. Den Hermann a Christophe Schmitt weisen enger Rei Ellénger Leit voll Stolz déi nei Klacken.
D’“Theresia-Klack“ as mat enger Kärschen d’Traapen eropgeholl an duerch d’Sakristei an d’Schëff geholl gin. Fir d’“Jousefsklack“ as den Arthur Neu mam Trakter zu Hëllef geruff gin – eng Sensatioun: d’Klack, déi um Frontlader hängt. Dun déi lescht Traapen fir an d’Kiirch, eng ganz Mannschaft (Kanner, Jonker, Männer a Fraen) zitt um Seel. Endlech, si as virum Altoer ukomm. Freed as an der Kiirch, wéi se dun all do hänken. D’Gong-Klack an d’Sakristei-Klack(en) waren méi einfach eranzedroen. Em 22:00 Auer war alles opgeriicht a prett, dekoréiert ze gin fir d’Weih.

Freides, den 18. Juli a Samschdes, den 19. Juli 2003 sin d’Klacken an och d’Kiirch mat giel a wäissen Gladiolen a mat Pällem geröscht gin. D’Blummen sin zu Uespelt am „Le jardin fleuri“.bäim fréiere Koschter vu Waldbredimus, dem Christian Greisch, kaf gin. Dankbar war de Koschter, Raymond Goedert, déen duerch eng Knéioperatioun net esou gudd dru war, wéi hien vum Elwénger Koschter, Charles Bremer, vum Steve Warken, vum Octavie Berschens, vum Tessy Neu a vum Bernadette Gliedner ënnerstëtzt gouf bäi der Dekoratioun vun der Kiirch.

Véiert Klackeweih an eiser jëtzeger Lambertus - Porkiirch Sonndes, den 20. Juli 2003
En Dag vu Freed war Sonndes, den 20. Juli 2003 wéi ëm 10:30 Auer de Massendénger Luc Goedert déi nei Sakristeiklack ugeschloen huet an domatter dem Organist, Laurent Biewer, d’Zeechen gin huet fir d’Entrée vun der Mass ze spillen. 52 Massendénger aus de Poren Duelem - Fëlschdrëf – Welfréng, Elwéng – Eimeréng, Waldbredimus, Welleschten, Trënténg an Elléng si feierlech mat hirem Här Paschtouer Fränz Muller an assistéiert vum Abbé Pol Galles vu Roum an dem Diakon Jhang Langehegerman vu Welleschten an d’Kiirch eragezun währenddeem d’Kiirchechéier aus de Poren Altwiis, Elléng a Mondorf (AEM) ënnert der Leedung vum Paul Bever d’Agangslidd gesongen hun. Am Chouer hat den Dechen Théophile Weirich vu Réimech Plaz geholl.

Zu dëser Klackeweih waren net nëmmen déi Ellénger Porkanner do, mée och vill aus eiser Porgemeinschaft. Ennert de Gäscht waren och d’Mme Maggy Nagel, député-maire, d’Mme Marlène Schmit, d’Mme Nelly Kremer – Weicker an den Här Patrick Sandt vum Gemengerot vu Mondorf, grad wéi och d’Pätter a Giedel an den Ellénger Kiircherot.

De Paschtouer Fränz Muller huet a sénger Priedegt betount, datt een net alles muss un déi grouss Klack hänken! Mée oft gin verkéiert Saachen un déi berühmt d’Klack gehaangen. „Am Evangelium vum 16. Sonndeg B héiere mer, wann d’Mënschen eppes un d’Klack gehaang hun, ouni Klacken gehat ze hun, da war den Zoulaf grouss.... Déi aal an déi nei Klacken sollen eis erënneren, datt mer ëmmer méi eis Efaarungen mat Gott un déi grouss Klack hänke sollen. ...“

Direkt nom Schlussgebied vun der Mass huet de Klackegéisser Hermann Schmitt technesch Erklärungen zum Toun vun de Klacke gin.
Den Dechen Théophile Weirich huet iwert de Stellewert vun de Klacken an eiser Zäit geschwat. Nodeem hien gebied huet: „ ... Segne diese Glocken, die Dein Lob künden! ...“ sin déi eenzel Klacken mat Wäiwaasser geseent gin. Nom Weihrauch gouwen d’Klacken op véier Plazen mat Chrisam gesalbt. Déi grouss Klack (h) gouf dem hl. Jousef geweiht mam Thema „Behitt eis Familjen“ an déi kleng Klack (d) der hl. Theresia vu Lisieux mam Thema „Freed um Glaawen“.
Zu Eieren vun hire Patréiner stëften déi Ellénger Massendénger der Kiirch d’“Gong-Klack“, déi dem hl. Don Bosco geweiht gouf mam Thema: „Ech brauch dech!“ an d’Sakristeiklack gouf dem hl. Tarzisius geweiht mam Thema „Fäert net!“

Nom Schlusssegen vum Paschtouer Fränz Muller hun d’Fraen a Mammen vun Elléng aus hirem Bazarerléis der Kiirchefabrek e Chèque vun € 3.877,00.- fir d’Uschaafung vun der Jousefsklack iwerreecht an en zweete Chèque vun € 3.000,00.- hun si un d’sozial Wierk „Téléthon“ weidergeleed.

Duerno sin d’Fraen a Mammen, Pätter a Giedel, de Kiircherot, d’Gemengenautoritéiten an d’Leit alleguer bäi d’Klacken defiléiert a hun eemol mat engem Hummer widder d’Klacken geschloen. Duerch d’Sakristei hun si d’Kiirch verlooss, wou jidferéen nach en Erënnerungbild un d’Klackeweih 2003 iwerreecht krut. Duerno huet d’Gemeng Mondorf den Eierewäin an der Ellénger Schoul offréiert.

Am Porarchiv läit d’Lëscht mat den Nimm vun den 12 „Pätter a Giedel“ an d’Lëscht mat den Nimm vun de ronn 50 Dons d’Honoration, déi fir d’Klacken 2003 iwerwise goufen.

Villmols Merci! - Well Dir hutt gehollef deenen ale Klacken am sanéierten Kiirchtuerm der nach zwou dobäi ze schenken. Si wäerden dann déi klengst a jéngst am Kiirchtuerm sin. Mée zu véier lauden sie a gudder Gesellschaft Gott zu Eier an de Mënschen zum Wuel. D’Kiirchefabrek an d’Por Elléng, zesummen mat hirem Här Paschtouer Fränz Muller sin Iech dankbar duerfir.

Donnéen vun der „Jousefs-Klack“ an der „Theresia-Klack“:
„Anno 2003 „Jousefsklack“, Gießer war Hermann Schmitt aus Brockscheid (Eifel)
Durchmesser 80,50 cm, H 80,50 cm (mit Krone), Ton h’ = si, 322 kg, Nachhall 145 Sekunden
Bild der Heiligen Familie auf der Flucht nach Ägypten
„HELLEGE JOUSEF! BEHITT EIS FAMILJEN!“ “

„Anno 2003 „Theresia-Klack“, Gießer war Hermann Schmitt aus Brockscheid (Eifel)
Durchmesser 69,70 cm, H 69,70 cm, (mit Krone), Ton d’’ = re, 225 kg, Nachhall 130 Sekunden
Bild der Heiligen Theresia mit Kreuz und Rosen
„HELLEG THERESE VU LISIEUX! FREED UM GLAAWEN!“ “

Op den zwou Klacken steet all Kéiers:
200 JOER POR ELLENG
1803 – 2003
ELLENGER JUBELJOER 2003 (2003 steet nëmmen op der „Theresia - Klack“)
POPST JEAN – PAUL II * ERZBESCHOF FERNAND FRANCK * PASCHTOUER FRÄNZ MULLER * Firmenzeechen Schmitt, Brockscheid

Donnéen vun der „DON BOSCO –KLACK“ („Gong – Klack“):
„Anno 2003 „Don Bosco - Klack“, Gießer war Hermann Schmitt aus Brockscheid (Eifel)
Durchmesser 40,30 cm, H 40,30 cm, Ton a“ = la“ 34 kg, Nachhall 50 Sekunden
Bild Kreuz, Trauben und Ähren
„HELLEGEN DON BOSCO! ECH BRAUCH DECH!
ELLENGER MASSENDENGER 2003“ “

Donnéen vun der „TARZISIUS – KLACK“ („Chouer resp. Sakristei – Klack“):
„Anno 2003 „Tarzisius - Klack“, Gießer war Hermann Schmitt aus Brockscheid (Eifel)
Durchmesser 19,50 cm, H 19,50 cm, Ton c = do““, 5 kg, Nachhall 25 Sekunden
Bei der Krone: Verzierung
„HELLEGEN TARZISIUS! FAERT NET!
ELLENGER MASSENDENGER 2003“ “

Installatioun vun de 4 Klacken am Kiirchturm
De 25. Juli 2003 sin déi nei Jalousien (Douglaisienholz) am Tuurm agebaut gin. Mat der Pompjeesleeder vu Mondorf gouf baussen un de Schallfënsteren en Edelstohlnetz festgemaach.

Den 28. Juli 2003 sin d’Klacken aus dem Schëff erop op den Ducksall geholl gin. No dräi Stonnen waren si mol hannert der Uergel. De Pol Siebenaler, eise Kiircherotsprësident, huet kräfteg mat Hand ugeluecht. Daat Ganzt gouf vum Bernadette Gliedner fir eisen Archiv am Bild festgehaal. An däer Woch as den neie Klackestull aus feierverzénktem Wénkeleisen agebaut gin. Déi nei Klack si op hir richteg Plaz hänke komm. De 5. August 2003 as d’“Celsus – Lambertus – Klack“ gestëmmt gin an op hir richteg Plaz gehaang gin. Iwert de Klacken an ënnert de Klacken an am Raum ënnert de Klacken sin nei Biedem hikomm, fir doduercher e richtegen Resonanzraum ze kréien.

Ganz uewen am Tuurm hänken déi nei Klacken: op der Säit, a Richtung Ennescht-Duerf hänkt uewen d’“Theresia – Klack“ an drënner d’“Celsus – Lambertus – Klack“, op der Säit a Richtung Iewescht-Duerf hänkt uewen d’“Jousefs – Klack“ an drënner d’“Maria-Klack“. Si lauden Richtung Elweng – Duelem. Den 8. August 2003 hun se fir d’éischte Kéier erëm gelaud, awer mat der Hand!

D’Ellénger Lambertus – Porkiirch vun 1872 huet elo 4 Klacken am Tuerm vun dräi verschiddenen Klackegéisser: Mabilon, Saarburg (D) / Rüetschi, Aarau (CH) / Schmitt, Brockscheid (D). Awer ët sin 4 verschidden „Rëppen“. Dëst fënnt een net oft an de Kiirchtierm! D’“Rëpp“ vun der “Theresia – Klack“ as déi éischt vun dëser neier Zort vun der Firma Schmitt, déi an engem Kiirchtuerm laud.

Vum August bis September 2003 waren d’Motoren, 2 Fallhummeren fir d’Auerzäit ze schloen an d’elektresch Apparaturen fachgerecht am Turm ubruecht gin. Och gouwen nei Kabelen bis an d’Sakristei gezun. D’Schaltverdeelung gouf komplett geännert an eng Schwingungskontroll gouf mat agebaut.

De 5. September 2003 hun d’Klacken fir d’éischt Kéier elektresch gelaud. An deene Woche virdrun waren se vun eenzelnen Massendénger mat der Hand gelaud gin. An der Sakristei gouf eng nei mikroprozessorgesteiert Funk – Quarz Auer installéiert. D’Aarbechten schléissen November 2003 of.

Dës eemoleg bleiwend Erënnerung un „200 Joer Por Elléng“ as eng Erënnerung déi der ganzer Duerfgemeinschaft zegutt kënnt. D’Klacken lauden bäi den Daafen, den Hochzäiten, de Stierwfäll, zu de Gottesdéngschter a Gebiedszäiten, bäi kiirchlechen an weltlechen Evenementer. D’Klacken erfreën d’Häezer vun de Mënschen a si Botschafterinnen vum Wuert vu Gott.

Raymond Goedert

 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu