Paroisses
 

Der Hl. Celsus – ein Mann des Glaubens

Pfarrei Ellingen
St. Celsus-Feier - Ostermontag

DER HL. CELSUS – EIN MANN DES GLAUBENS

Hl. Celsus
Foto: Marc Urhausen

Auch wenn es nicht viel geschichtlich Greifbares über „unseren“ Heiligen gibt, so ist uns doch das Wichtigste von ihm bekannt – und darin ist er uns sehr nahe.

So wie den Aposteln, die nicht sich selber weitergegeben haben, sondern den Glauben an den lebendigen Herrn Jesus Christus, so ging es dem heiligen Celsus nicht um sich selbst, sondern um die Verkündigung des Evangeliums.

Wir beten und singen heute noch das gleiche CREDO, das der Hl. Celsus gebetet hat.
Wir beten das gleiche VATER UNSER, das der Hl. Celsus gebetet hat.
Wir gehören zur gleichen KIRCHE, zu der der heilige Celsus gehört hat.
Wir glauben an den gleichen HERRN JESUS CHRISTUS, an den der heilige Celsus geglaubt hat.

Das ist die tiefe, eigentliche Verbindung, die wir mit dem Heiligen haben.
Wenn der Hl. Bischof Celsus heute zu uns sprechen könnte, wann würde er gewiss nicht von sich sprechen, sondern mit ganzem Eifer wäre er darum bemüht, die Botschaft von dem auferstandenen Christus darzulegen und auf Ihn hinzuweisen.

Und ich glaube, dieses Zurücktreten hinter seinen Herrn und Meister findet ihren schönen, künstlerischen Ausdruck in der Statue des Hl. Celsus in der Kirche in Ellingen.

Beim näheren Betrachten dieser Statue wurde ganz spontan an die Worte des 132. Psalmes
erinnert.

Ps l31.[Ein Wallfahrtslied.] 1 Herr, mein Herz ist nicht stolz, nicht hochmütig blicken meine Augen. Ich gehe nicht um mit Dingen, die mir zu wunderbar und zu hoch sind. 2 Ich ließ meine Seele ruhig werden und still; wie ein kleines Kind bei der Mutter ist meine Seele still in mir. 3 Israel, harre auf den Herrn von nun an bis in Ewigkeit!

Diese Ruhe, diese tiefe, innere Sicherheit und Freude strahlen aus dem Gesicht des Heiligen. In dem ganzen Ausdruck findet sich keine Unruhe, keine Spur von Angst. Und doch ist in dieser Statue Bewegung. Es scheint als ob der Heilige geht, innerlich gesammelt, fest entschlossen, das Evangelium zu verkünden. Darauf weisen der Bischofsstab in der einen und das Evangelienbuch in der anderen Hand hin. Seine Arme sind geöffnet und zeigen das Bischofskreuz, das er über Messgewändern trägt.

Und so steht der Hl. Celsus, der selbst ganz für Jesus Christus in den Dienst genommen ist, in dieser Statue vor uns und lädt uns ein, gemeinsam mit ihm zu Gott, unserem Herrn, zu gehen. Er lädt uns ein, unsere Seele ruhig und still werden zu lassen bei Gott, wie ein Kind es bei seiner Mutter tut.

Abbé Fränz Muller, Paschtouer vun Elleng (1987 – 2003)


Traditionell St. Celsus-Feier zu Elleng op Ouschterméindeg

All Joers Ouschterméindeg feiert Elleng seng traditionell Celsus-Feier. Den hellegen Celsus ass niewend dem hellege Lambertus (Fest den 18.09.:“Klengkiirmes“ / Quetschefest) den zweete Schutzpatroun vun der Por an dem Duerf Elleng.

D’Liewen vum hellegen Celsus.
Et get gesot den hellegen Celsus wäer vun 129 bis 142 Bëschof vun Tréier an Tongern. Hien ass ée vun den éischte Wanderseelsorger, deen duerch eist Land gezunn ass. De Stierwdag vum Bekenner a Märtyrer Celsus as wahrscheinlech de 4. Januar 142. En Deel vu sénge Reliquien get haut nach an der St. Mathias-Basilika vun Tréier versuergt. 1953 huet Elleng vun dëser Benediktinerabtei eng Celsus-Reliquie krut, déi all Joers Ouschterméindeg zur Veréierung ausgestallt get.

D’Veréierung vum hellegen Celsus zu Elleng geet wäit zréck.
An engem Dokument vu 1745 heescht et: „Pilger aus den Nachbarpfarreien kommen mit ihren Gebeten und Anliegen nach Ellingen um am Fest des heiligen Celsus teilzunehmen.“ Esou get schon zënter wéinestens 267 Joer den hellegen Celsus zu Elleng veréiert.

An der Ellenger Kierch gouf et eng Serie vun Celsus-Statuen:
Eng éischt grouss holzen Statue (vu 1745) ass virum Krich verkaaf ginn fir d’Uschafung vun enger Kiirchefënster. Si gouf duerch eng Gipsen – resp. Terracotta-Statue ersaat, déi haut a Privatbesëtz zu Elleng ass. 1975 ass dun eng nei Statue vum Künstler Pepi Rifesser aus St. Ulrich, Süd-Tirol, geschnëtzt ginn, no enger Photo vun der 1. Ellenger Celsus-Statue. Trotz allem Asaz vum Paschtouer Th. Walin war et deemols leider net méiglech dës Statue, déi fir Elleng e spezielle Wert huet (well et déi vun der éischter Stonn ass), fir déi Ellenger Kierch zréckzekaafen. Bis haut ass si nach ëmmer a Privatbesëz. D’Rifesser Statue ass leider am Juli 1985 bäi engem Abroch geklaut ginn.

Op d’Beméien vum Paschtouer Théophile Walin a vum Här a Mme Prof. Norbert Thill krut d’Ellénger Kierch Enn 1985 hir 4. Celsus-Statue, e Wierk vum Künstler Nicola Greeff-Greisch, geschenkt.

Nei Iwwerdenkung vun der Celsus-Veréierung
Et war dun 1935, viru 60 Joer, wou de fréiere Paschtouer Konz Charles d’Huewer- a Päerdssegnung agefouert huet, an der Celsus-Veréierung eng nei Dimensioun ginn huet. 1946 hun d’Jongbaueren der Ellenger Kiirch eng Lambertus-Celsus-Klack gestëft, als Merci fir de besonnege Schutz vum hl. Celsus während de Krichsjoeren. D’Klack weit 905 Kg an hat als Toun fa dièse bis 2003. D’Klackeweih war den 01.01.1947.

Am Laaf vun den Joeren huet sech vill geännert. D’Päerd als Aarbechtskraaft ass ersaat ginn duerch den Trakter. An erëm hun sech 1979 missten nei Gedanken gemaach ginn iwwert de Sënn vun der Celsus-Veréierung an eiser Zäit.

Et war dun den deemolege Paschtouer Théophile Walin, déen der Celsus-Feier e moderne Sënn ginn huet:

- D’Suerg
• em deeglecht Brout, (Aféierung vun der Broutsegnung)
• em d’Aarbechtsplaz.

- De Bauer brauch haut den Trakter, an déi aaner Berufstäteg fueren mam Auto op hir Aarbecht.

Esou ass d’Celsus-Feier gewues zou enger reliéiser Feier, wou mer als gleeweg Mënschen op enger Plaaz zesummekommen a bieden, wou mer Gott luewen an éieren. D’deeglecht Brout, d’Aarbechtsplaaz, d’Familjen an d’Gefoeren vun eiser Zäit vertraue mer an eisem Gebied Gott un.

Daat alldeeglecht Liewen vun de Mënschen soll mat dem reliéise Liewen vun de Mënschen zesummeschmëlzen zu engem Liewen, daat an enger Bezéiung mat Gott steet. Et soll e Matenéen sinn, et soll an Harmonie sinn mat Gott, déen de Mëttelpunkt vun eisem Liewe soll sinn, an dem mënschleche Liewen e Sënn get.

Et war 1988, wou dun mam Paschtouer Fränz Müller d’Désisioun geholl ginn ass, datt d’Por Elleng d’Organisatioun vun der Celsus-Feier zesummen mat der Amicale Elleng A.s.b.l. soll maachen.

Dëst ass fir d’Amicale Elleng A.s.b.l. eng besonnesch Unerkennung, well si jo verantwortlech ass, fir d’Duerfgebräicher lieweg ze haalen an d’Kulturliewen am Duerf ze pflegen a weiderzevermëttelen.

Amicale Elléng A.s.b.l.
Raymond Goedert, President


Programm vun Ouschterméindeg


Ouschterméindeg ginn d’Feierlechkeeten um 10:00 Auer an der Kierch mat enger Eucharistiefeier un, an däer Brout geséent get an an däer mer déi mënschlech Aarbecht Gott uvertrauen an him am Gebied Merci soen.

No der Mass ginn dann all déi Léit geséent an ënner de Schutz vum hellegen Celsus gestallt, déi dagdeeglech mat Päerd, Trakteren, Autoen, Vëloen asw. Ënnerwee sinn. Och ginn d’Rollstullfuerer geseent.

Folgend Opstellung as ze beuechten: d’Päerd, Veloen gi bäi der Kiirch opgestallt, d’Trakteren an der Kiirfechtsstrooss an d’Autoen asw. Am Iewescht-Duerf. D’Regelung vum Verkéier get gemaach vun der Police vu Mondorf a vun den Ellenger Pompjëe

Organisatioun: Por Elleng an Amicale Elleng A.s.b.l.


Gebied vum Dag aus der Mass zu Eieren vum hl.Celsus

Allmächtege Gott!

Duerch d’Opstoe vu Jesus Christus schenks du déngem Vollek all Joer d’Freed vun Ouschteren. Dem hellegen Celsus, dee mir haut feieren, hues du Undéel un dénger éiweger Härlechkeet gin. Lauschter op säi Gebied fir eis a looss eis dagdeeglech op séng Firsprooch Hëllef fannen.
Dorëms biede mer Dech duerch Christus, eisen Här.
Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu