Katechees an der Par: Informatioune fir d’Joer 2023-2024

Catéchèse en paroisse: Information générale pour l’année 2023-2024

Foto: pixabay

Léif Elteren!

Zënter e puer Joer gëtt et kee Reliounsunterrecht am Kader vun der Schoul méi. Wann Dir wëllt, datt Äert Kand an de chrëschtleche Glawen agefouert gëtt an d’ KOMMIOUN ka maachen, da kënnt Dir et an d’Coursë vun der KATECHEES aschreiwen, déi vun der Par organiséiert ginn.
Wann Dir Froen hutt oder weider Informatioune braucht, dann zéckt net Iech ze mellen.
Dir kënnt awer och am Parsekretariat laanschtkommen fir Äert Kand do anzeschreiwen: méindes a mëttwochs vun 10.00-12.00 Auer.
Aus organisatoresche Grënn biede mir Iech, Äert Kand bis zum 15.7.2023 unzemellen.
Den Umeldungsformulaire fannt Dir méi wäit ënnen op dëser Säit an och am Parbüro:
5, Montée de l’Église L-5530 Remich. (Tel : 23697518)

Chers parents,
Depuis quelques années il n‘y a plus le cours de religion à l‘école. Si vous désirez que votre enfant soit initié dans la foi chrétienne et qu‘il puisse faire la COMMUNION, vous pouvez l‘inscrire au cours de CATÉCHÈSE organisé par notre paroisse.
Si vous nécessitez des informations supplémentaires n‘hésitez pas de prendre contact. Vous pouvez également vous rendre au secrétariat paroissial pour inscrire votre enfant, le lundi ou le mercredi de 10h00 à 12h00.
Afin de garantir une bonne organisation nous vous prions d’inscrire votre enfant pour le cours de catéchèse jusqu’au 15/07/2023.
Vous trouverez le formulaire d’inscription ci-dessous ou bien au bureau paroissial:
5, Montée de l’Église, L-5530 Remich (Tel : 23697518)

Flyer Catéchèse 2023-24
lu / fr

Responsabel fir d’Katechees zu Duelem, Kanech a Réimech
Responsable pour la catéchèse à Dalheim, Canach et Remich:
- Mme Stephie MIELERT, Tel: 621 155 594 - Mail: stephanie.mielert cathol.lu
Responsabel fir d’Katechees zu Munneref a Riemeschen
Responsable pour la catéchèse à Mondorf et Remerschen:
- Mme Marie-Anne GOEDERT, Tel: 691 749 524 - Mail: marie-anne.goedert cathol.lu

Foto: pixabay

STONNEPLANG / HORAIRE
uklicken / cliquer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement