QUO VADIS KATECHEES?

Quel avenir pour la catéchèse?

QUO VADIS KATECHEES?
Quel avenir pour la catéchèse? À la recherche de bénévoles pour assurer la
continuité de la catéchèse dans notre paroisse.

Ufank Oktober war nees an eiser Par d’Rentrée vun der Katechees 2021-22 a mir hu mat vill Optimismus, Freed an neiem Elan ugefaang. Dëst Joer sinn 242 Kanner ageschriwwen. Wat eis bei den Aschreiwungen opgefall ass, ass d‘Tatsaach, datt et nach ëmmer eng Rei vun Eltere ginn, déi net informéiert sinn, datt et kee Reliounsunterricht méi an der Schoul gëtt an déi mengen, dat géif automatesch esou wéi fréier weiderlafen. Och hate mir d’Erlaabnis vun all eise Buergermeeschtere gefrot, fir däerfen Informatiounsflyeren iwwert d’Katechees an dem Cycle 1.2 auszedeelen. Vun deene meeschten krute mir eng positiv Äntwert, vun aneren net. Dir gesitt also, datt et haut guer net esou evident ass un d’Elteren ze kommen, fir datt si hir Kanner an d’Katechees umelle kënnen. Leschte Summer hu mir och eis léif Kollegin Suzy Hild vu Gouschteng an seng wuelverdéngte Pensioun goe gelooss. Mir soen him op dëser Plaz vun Häerzen e grousse MERCI fir säin Engagement a fir di gutt Zesummenaarbecht an der Katechees an an eisem Pastoralteam. Suzy, mir wäerten Dech vermëssen!
A senger Plaz ass elo d’Stephanie Mielert, eis Pastoralreferentin, mat an d’Katechees erageklomm. Dëst Joer ass mol nach d’Katechees an eiser Par assuréiert, mee d’Fro, déi mir eis berechtegterweis stellen ass: Wéi laang nach? Wéi geet et d‘nächst Joer weider? Eis Katechees, déi mir säit der Trennung vu Kierch a Stat opgebaut hunn, steet op wacklege Féiss an ass ewéi e Kaartenhaus, wat beim geringste Loftzuch zesummefale kann.
Wéi sollen d’Kanner an Zukunft eppes vum Jesus gewuer ginn? Wie bereet d’Kanner dann op d’Sakramenter vir? Wéivill ass eis eise chrëschtleche Glawen an eis Relioun nach wäert? Ass et esou, datt mir wuel nach gären hätten, datt eis Kanner di chrëschtlech Wäerter mat op hire Liewenswee kréien, mir selwer awer net bereet sinn, de Glawe mat hinnen ze liewen an ze deelen? Oder ass eis dat komplett egal a gesi mir d’Kierch éischter ewéi en Auslafmodell?
Wat mir an eiser Par dringend brauchen, si gleeweg Leit, déi e gudden Drot zu Kanner hunn a bereet sinn als Benevoler eng Hand mat an der Katechees unzepaken. Duerch d’Sakramenter vun der Daf an der Firmung, an deene mir den Hl. Geescht geschenkt kruten, ass jo eigentlech jiddwer Chrëscht dozou beruff, Zeie vum Jesus senger Gudder Noriicht ze ginn a seng Botschaft weider ze droen. Mir encouragéieren duerfir och d’Elteren, mol bei enger Katechees derbäi ze bleiwen, fir datt si sech selwer e Bild maache kënnen, datt Glawensvermëttlung eng schéin an dankbar Aufgab ass, déi et duerchaus derwäert ass, weidergefouert ze ginn.
Loosst Iech grad elo an der Adventszäit mol dës Wierder duerch de Kapp goen a vläicht fillt Dir Iech jo ugesprach, Iech an der Katechees ze engagéieren. Et wier wierklech schued, wa mir als Par keng Katechees méi ubidde kinnten.
Mir wënschen Iech eng schéin an besënnlech Adventszäit!

Viviane Muller, Marie-Anne Goedert, Stephanie Mielert

Quo vadis Ketechees?
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement