Fürbitten

Wirtgen Christiane

Fürbitten 15. Sonndeg C

Bild: N. Schwarz © GemeindebriefDruckerei.de In: Pfarrbriefservice.de

Mir bieden zu Jesus Christus, deen eis all Dag seng Léift schenkt :

• Pour l’Eglise qui a pour mission d’annoncer la Parole du Seigneur; de la célébrer et de la vivre au service des hommes.
Seigneur, écoute-nous

• Fir de Michel Bingen an den Stefano Camposeo, déi de moien (gëschter) an der Kathedral zum Diakon geweiht gi sinn; stäerk si mat dengem Geescht a looss si hiren wichtegen Dingscht mat grousser Generositéit a mat Freed ausféieren.
Christus, héier eis

• Fir all déi Mënschen, déi am soziale Beräich schaffen, a Kliniken, Altersheemer, Schoulen an Crèchen; dass si hir Aarbecht weiderhin mat vill Häerz a Kompetenz maachen.
Christus, héier eis

• Fir all déi Mattmënschen, déi um Rand vun eiser Gesellschaft liewen, dorënner och vill Jugendlecher; dass si engem „baarmhäerzegen Samariter“ begéinen, deen sech hirer unhëllt.
Christus, héier eis

• Dans un moment de silence, nous te confions nos intentions personnelles
Seigneur, écoute-nous

• Fir eis Verstuerwen; dass däi Geescht hinnen dat éiwecht Liewen schenkt.
Christus, héier eis

Gudden Gott, däi Jong Jesus Christus huet eis d’Gebot vun der Nächstenléift virgelieft. Looss och eis am alldeeglechen Liewen erkennen, wou eis Hëllef gebraucht gëtt, an deem entspriechend handelen, dat froën mir dech duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.


D’Fürbitten als PDF-Download: texte au format PDF

Fürbitten: 15. Sonndeg am Jkr C

all Fürbittentexter amArchiv / touts les textes à l’archive

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement