Den Diakon an der kathoulescher Kierch

Den Diakonat an der kathoulescher Kierch

An der kathoulescher Kierch ass den Diakonat eng Etapp zum Priesteramt awer och déi héichst Etapp, déi fir bestuete Männer méiglech ass. (ständiger Diakon; diacre permanent)

Dat zweet Vatikanescht Konzil (1962-1965) huet de stännegen Diakon als eegestännegt Amt an der Kierch erëm nei entdeckt an erëm établéiert.

D’Kandidate fir den Diakonat kënne bestuet sinn (Mindestalter 35 Joer) oder sech zum Zölibat verflichten (Mindestalter 25 Joer).

Bäi bestuete Männer, déi sech zum Diakon weie loossen, zielt den Zölibat net. Am Fall vum Doud vum Partner kënne si sech net nach eng Kéier bestueden.

D’Wei zum Diakon ass och eng Viraussetzung fir d’Priesterwei.

den Diakon deeft an der Kierch zu Munneref
...et ass déi éischt Daffeier an der neier Por an der Kierch St.Michel vu Mondorf an och déi éischt Daf vum neien Diakon Raymond Goedert (7.5.2017 Foto: M.A. Goedert)

 
 
 

Apostelgeschicht 6,1-7

Déi éischt Diakone sinn am Neien Testament ernimmt. Et si Männer, déi gewielt ginn fir d’Apostelen ze entlaaschten. Schonn an der éischter Kierch stoung den Diakonat als geeschtlecht Amt direkt am Lien mam Bëschof: den direkte „Chef“ vum Diakon ass de Bëschof selwer.

Ignatius vun Antiochien

Bäim Ignatius vun Antiochien hunn d’Diakonen d’Bréiwer fir de Bëschof geschriwwen. Si hu fir de Bëschof gepriedegt oder sinn als Legat zu enger anerer Kierch / Gemeinschaft geschéckt ginn.

Bëschoflech strukturéiert Kierchen

Diakone gëtt et an de meeschte bëschoflech strukturéierte Kierchen,
z.B. an der orthodoxer, kathoulescher, anglikanescher a lutherescher Kierch.

An der réimesch-kathoulescher, anglikanescher, orthodoxer Kierch gehéieren Diakonen zu de Kleriker a kënne verschidden Aufgaben iwwerhuelen.

Bäi der Aféierung vum Diakonat als eegestännegt Amt ware folgend Froe vu grousser Bedeitung:

• Wien entdeckt déi „geheim“ Nout vun de Mënschen, déi een net mat Geld regele kann?
• Wien tréischt vu Mënsch zu Mënsch, wann alles zesummen ze brieche schéngt?
• Wien erwächt eng chrëschtlech Gemeinschaft, déi just mat sech selwer beschäftegt ass?
• Wien dréit d’Nout vun de Mënschen och am Gebiet viru Gott?

D’Aufgabe vum Diakon si villfälteg:

• D’Nout vun de Mënsche gesinn
• Nolauschteren
• D’Hand reechen
• Hëllefen, do wou Hëllef gebraucht gëtt
• Stäip sinn fir déi, déi keen Halt méi hunn
• D’Mënschen am Gebiet droen
• Déngscht um Mënsch am Opdrag vun der Kierch

D’Kierch huet dësen Déngscht vum stännegen Diakon nei entdeckt.
Den Diakon steet fir eng Kierch, déi de Mënschen hëllefe kann an och hëllefe wëll. Den Diakon ass d’Zeeche vum déngende Christus a vun der déngender Kierch.

A Verbonnenheet mat Christus an a Gemeinschaft mat alle Chrëschten,
sinn d’Chrëschten alleguer mam Bëschof a sengem Presbyterium beruff
aus der Liturgie an dem Wuert eraus déi chrëschtlech Nächsteléift
ze liewen: am Mënsch Gott déngen.

Grad wéi de Priester ass och den Diakon vu je hir den „Assistent“ vum Bëschof. Seng Aufgabe ginn him vum Bëschof iwwerdroen.

De stännegen Diakon mécht säin Déngscht haaptberufflech oder éierenamtlech.

Den Diakon soll e Bléck hunn fir d’Mënschen an Nout: eeler, krank, behënnert Mënschen; Mënschen, déi eleng oder ausgegrenzt sinn…
Den Diakon ass d’Gewëssen vun der Por a versicht fir d’Nout an der Por ze sensibiliséieren an zur Mathëllef unzereegen…
Diakonen hëllefe mat, dass sech de solidareschen Déngscht an der Gemeinschaft mat dem Déngscht um Altor verbënnt. Aneschters gesot: si sinn d‘Bindeglied tëschent dem Altor an der solidarescher an déngender Gemeinschaft.

Dem Diakon kënne folgend Aufgaben iwwerdroe ginn:

• Dem Bëschof an dem Priester bäi de liturgeschen Handlungen assistéieren
• Deefen
• De Kranken an de Stierwenden d’Kommioun bréngen
• Bestiednesgottesdéngscht leeden an assistéieren
• Eucharistesche Seegen ginn (Seenen mat der Monstranz)
• Seegnunge vu Géigestänn, Hausaweiung, Blasiusseegen,...
• Begriefnesgottesdéngschter leeden
• Liturgesch Feieren, Wuertgottesdéngschter ..., leeden, awer keng Mass
• Seelsorgeresch Gespréicher, Trauergespréicher, Krankebesich, Dafgespréicher,...
• Eenzel Gemeinschaften an der Por betreien
• Priedegen (och an der Mass)

A bridderlecher Gemeinschaft mat dem Bëschof an dem Paschtouer
ass den Diakon an allen dräi Gronddéngschter
– Diakonie, Liturgie, Verkënnegung – aktiv.
Raymond Goedert

Diakonat

Prière des diacres
Seigneur Jésus,
Tu nous as appelés à te suivre dans ta diaconie.
Par l’ordination, notre évêque, et avec lui toute l’ Église,
nous ont introduits dans l’ordre des diacres pour
le service du Royaume dans le monde.
Nous te bénissons pour cette grâce et nous te prions encore.
Donne-nous de te reconnaître sur le visage du pauvre.
Donne-nous d’accomplir notre ministère avec charité et
simplicité de cœur pour aider l’évêque, les prêtres et tous ceux
qui exercent une responsabilité particulière pour faire
progresser ensemble le peuple chrétien.
Donne-nous de garder le mystère de la foi dans une
conscience droite et de proclamer cette foi par la parole et par
les actes, fidèles à l’Évangile et à la Tradition de l’Église.
Donne-nous de garder et de développer un esprit de prière
conforme à notre diaconat et de célébrer la « Liturgie des Heures »
en union avec le peuple de Dieu, intercédant
pour lui et pour le monde entier.
Aide-nous à conformer toute notre vie à l’exemple que tu nous
as donné et que tu rends présent dans l’eucharistie.
Notre-Dame du Luxembourg, aide-nous à aimer ton Fils, lui
qui n’est pas venu dans le monde pour être servi mais pour servir.
Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement