Parbréif 10.5 - 20.06.2021

PÄISCHTEN:

Klickt ob Bild vir den Parbréif ze kucken.

Dem Härgott säi Geescht
an eisem Liewen

Den Hellege Geescht ass um Wierk an all Mënsch, deen säi Liewen esou gestalt, dass den Härgott eng Plaz doranner fanne kann.

Aus eegener Kraaft brénge mer et net fäerdeg, dem Jesus séng Botschaft ze realiséieren, mee mir däerfen drop vertrauen, dass den Hellege Geescht eis di néideg Kraaft dozou schenkt. Hien hëlleft eis, eis net einfach vun eisen Emotioune leeden ze loossen, mee Weeër an Äntwerten ze fannen, déi zum Gudden vu jidferéngem sinn. Hien ënnerstëtzt eis dobäi, Entscheedungen ze treffen, déi dem Evangelium entspriechen an dono ze handelen. Hien féiert eist Bieden, Denken an Handelen zu enger Eenheet zesummen.

Mir kënnen zum Hellege Geescht bieden, fir eppes an eisem Liewen ze bewierken: Hien kann eis Viruerteeler ofbauen, eis Gewunnechten änneren, eis Gläichgültegkeet iwwerwannen. Hien mécht eis Courage, verwandelt eis Trauregkeet, schenkt ënnere Fridden. Hien stärkt eise Glawen, gëtt eis nei Hoffnung a befähegt eis an der Léift zum Härgott an de Mënschen ze liewen.

Loosse mer eis vum Härgott séngem Geescht féieren a begeeschtere loossen. «Komm, Schöpfer Geist, kehr bei uns ein».

Iech all e frout Päischtfest!

Claudine Lies, Pastoralreferentin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement