Agenda
 

Par Ettelbréck

ECH FREEË MECH !

Et ass e besonnesche Moment fir mech dës puer Zeilen op d’Blat ze bréngen. Et bedeit e grousse Wiessel fir mech a natierlech och fir iech. Esouvill Joeren huet iech den abbé Maurice Péporté mat vill Engagement an Erfahrung begleet an elo däerf ech selwer Paschtouer an der Poar „Ettelbréck Sts-Pierre-et-Paul“ ginn!

Mäin Numm ass Romain Richer, ech si 36 Joer al a komme vun Nidderkäerjeng. Ech sinn 2011 zum Priister geweit ginn a war 5 Joer laang Kaploun an der Poar Miersch. Dono sinn ech fir 3 Joer als Subsidiar an d’Poar „Kordall Ste-Barbe“ komm. Säit 2011 sinn ech och den Nationalaumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.

Et ass fir mech eng grouss Freet bei iech Paschtouer ze ginn. Schonns e puer mol konnt ech, ë.a. am Kader vun der Landjugend, deen een an anere Moment an der Poar erliewen. Ech fänken elo ab dësem September mäin éischt Joer bei iech un a grad an dëser éischter Zäit ass et mir wichteg iech kennenzeléiren. Ech versiche gutt nozelauschteren an opmierksam ze sinn fir esou e Member vun ärer Communautéit ze ginn.

Vill Impressioune wäerte mech erwaarden, wat jo ganz normal bei engem Ufank ass. Ma ech sinn iwwerzeegt, datt mer e gudde Wee matenaner wäerte goen. Matenaner an am Dialog liewen: jo, dat ass mir besonnesch wichteg. Just wa mer als Gemeinschaft e Wee ginn, kënne mer de Message vu Jesus Christus authentesch verkënnegen. An an dëser Gemeinschaft soll jidderee seng Plaz kënne fannen, et soll jidderee sech op seng Art a Weis abrénge kënnen.

Ech soen elo schonns Merci fir är Oppenheet, är Hëllef a virun allem fir äert Gebiet.
Ech freeë mech op eise gemeinsame Wee an op d’Zesummeschaffen a -liewen!

Romain RICHER,

Installatiounsfeier vum Abbé Romain Richer, neie Paschtouer vun der « Par Ettelbréck Sts Pierre et Paul »

Samsdeg, den 5. Oktober 2019 em 17.30 Auer


Parkateches - Catéchèse en paroisse

PNG



Contact

Équipe pastorale
RICHER Romain, Paschtouer/curé
LIES Claudine, Pastoralreferentin/coopératrice pastorale
FELLER Véronique Pastoralreferentin/coopératrice pastorale (en stage)
FERREIRA Sara, Parassistentin/assistante paroissiale
HUBERT-LUTGEN Chantal, Sekretärin/secrétaire

Presbytère
26, rue Abbé Muller, L-9065 Ettelbruck
GSM: 691 92 10 54

Büro /Bureau
10, Impasse Abbé H. Muller
L-9065 Ettelbruck
1. Stack / 1er étage
tél.: 81 84 61, Fax: 81 84 61 - 61

Gottesdéngschter

PDF 738.4 kB, 26. Mee 2019
PDF 128 kB, 13. März 2019

cliquez sur l’icône pdf pour voir les dates des messes

PNG 197.9 kB, 9. März 2019
PDF 90.7 kB, 7. Juni 2018
PDF 297 kB, 1. Juni 2018
Fiche d`inscription 2018

FICHE D’INSCRIPTION
À LA CATÉCHÈSE
EN PAROISSE

PDF 1.1 MB, 5. Juni 2017
PDF 2.2 MB, 4. Mee 2017
PDF 2.2 MB, 4. Mee 2017
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement