Gemeng Réiser

Sozialaktioun 2018/2019
Gemeng Réiser

D’Equipe locale aus dem Réiserbann ennerstëtzt dëst Joer de

„Frëndeskrees Kamerun“.

De „Frëndeskrees Kamerun“ asbl ënnerstëtzt zënter Joren den „Centre d’Accueil de l’Espoir“ zu Yaoundé am Kamerun.

Fir 2 Volets’en vum Projet huet de Frëndeskrees Kamerun déi finanziell Ennerstëtzung iwwerholl, dat bedeit 31.000.-€ d’Joer.

1. Volet : Dëse Centre hëllt Aids-Weesekanner op, fir mat hin-nen hier Trauer ze verschaffen, fir si Dag an Nuecht an engem neien Heem intern ze betreien a mat Iessen, Kleeder a Medika-menter ze versuergen.
Fir datt si kënnen an d’Schoul goen, iwwerhëllt de Frëndeskrees och d’Bezuelen vum Personal, wéi Educateurs/trices, Infirmière, Kächin, Sekretärin, well am Kamerun mussen d’Schoulkäschten am Viraus bezuelt ginn. Sou hu mir schonn méi wéi 360 Kanner kënnen finanziell a moralesch ënnerstëtzen. Spéider versicht d’Schwëster Brigit Mewoulou (Fondatrice an Directrice) mat deene Responsabel, fir d’Kanner an déi Jugendlech erëm an d’Familljen sou weit wéi méiglech ze integréieren ; wuel gëtt awer weiderhinn de Suivi vun den externen Kanner gemaach.

2. Volet : An de leschte Joer koum de Besoin op, fir deene Jugendlechen, déi net sou gutt an der Schoul weiderkommen, eng Formatioun vun engem Joer (Theorie a Praxis) ze erméiglechen, wéi an der Landwirtschaft mat Ziichterei vu Poulets’en, Schwäin a Champignons’en, mat Fëschweier, asw. ....

Dës 2 Volets’en vum Frëndeskrees Kamerun, ginn vum Ministère des Affaires étrangères et de la Coopération vu Lëtzebuerg co-finanzéiert.

De Projet gëtt an de Massen vum 01. an 08. Dezember virgestallt, wou mir och Kichelcher zu Gonschten vun der Sozialaktioun verkafen.

Wann dir eise Projet wëllt ënnerstëtzen, da kënn Dir dat och maachen mat engem Don op de Kont

Oeuvres Paroissiales Réiserbann
CCRA LU75 0090 0000 2420 4711
(Mentioun “Sozialaktioun Réiserbann 2018/2019”)

Am Viraus e grousse Merci !

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement