|
ReckblëckPilgerrees 2019: Op de Spuere vun der Hl. Teresa vun Avila a vum Hl. Johannes vum KräizSchetzelfeier am GréngewaldC’est pour la 50ième fois que notre paroisse Saint Esprit – iewescht Syr honore le bienheureux „Schetzel"
Dëst Joer feiere mir fir 50. Kéier an eiser Par Saint Esprit – iewescht Syr den séilege Schetzel: e Sonndeg, 2. August 2020 um 15.30 Auer bei der Schetzelhiel am Gréngewald. Pilgerrees 2019: Op de Spuere vun der Hl. Teresa vun Avila a vum Hl. Johannes vum Kräiz32 Leit hunn un der Pilgerrees deelgeholl déi äis vum 6. bis den 13. September 2019 a Spunie gefouert huet. Mir konnten eng schéin, wann och ausgedréchent Natur bewonneren, hu vill verschidde Stied erliewt (Madrid, Avila, Toledo, Segovia) mat hire baulechen a kulturelle Bijouën, hunn de Räichtum an d’Muecht vum mëttelalterlechen Adel gräifbar erfuer, konnte Kathedralen a Kierche bestaunen déi net nëmmen Zeeche sinn vun ausgeklügten technesche Leeschtungen, mä virun allem vun enger déiwer Iwwerzeegung an engem feste Glawen. Dat war awer nëmmen den touristeschen Deel vun der Reess, dee fir sech eleng schon derwäert gewiescht wier. Mir hunn eis awer virun allem op d’Sich gemaach no der Spiritualitéit vun der Hl. Teresa vun Avila a vum Hl. Johannes vum Kräiz. Déi zwou Perséinlechkeeten aus dem 16. Joerhonnert, Mystiker, Grënner an Erneierer vu Klouschtergemeinschaften, Léiermeeschtere vun der kathoulescher Kierch, si mir bis dohin e bësse verstëbst an iwwerholl virkomm. Op der Reess awer hunn ech se ganz anescht erfuer: iwwerraschend lieweg a wierklechkeetsno a virun allem als staark Virbiller och fir d’Chrëschte vun haut. Déi Hl. Teresa huet zu Avila an hirem Uerden, dem Karmel, géint ganz vill Widderstänn eng Reform duerchgesat déi als Grondtoun d’Gläichheet vun alle Mënschen an eng déif Verbonnenheet mat Gott hat. Fir sie ass Gott an all Mënsch präsent, duefir huet all Mënsch en immense Wäert an duefir kënne mir Gott a jiddrengem begéinen. Dat kënnt eis haut bekannt a vläicht souguer selbstverständlech fir, awer zu däer Zäit, wou d’Mënschen a Stänn agedeelt waren a wou déi Adeleg och am Klouschter vun de Schwësteren aus niddrege Verhältnësser wéi Prënze bedéngt goufen, war dat eng Revelatioun an eng Revolutioun. Hei e puer Aussoe vun der Hl. Teresa fir ze weisen, wéi aktuell hir Iwwerzeegung och haut nach ass:
Zu Segovia hu mir den Hl. Johannes vum Kräiz e bësse méi no kenne geléiert. Hien huet an der Kannerzäit an extreemer Aarmut gelieft, krut dunn awer d’Méiglechkeet ze studéieren an ass Priester an engem Klouschtert ginn. Hien huet 1567 d’Teresa vun Avila kenne geléiert an huet versicht déiselwécht Reformen a sengem Klouschter duerchzeféieren wéi sie. Hie gouf duefir vun den Autoritéite vum eegenen Uerden verschleeft an ënnert onmënschleche Konditiounen 9 Méint laang gefaange gehalen an als onbeléierbare Rebell gefoltert ginn. An dëser Verloossenheet an „Däischtert“ huet hien eng iwwerwältegend Gotteserfahrung gemaach. Och spéider, nodeems hie flüchte konnt, gouf hie verfollegt an erniddregt. Duerch säi ganzt Liewen zitt sech e Fuedem vu Verzicht a Leed an Oflehnung. Hien ass awer net beim Negative stoe bliwwen, mä huet an all deene schwéiere Momenter eng déif Verbonnenheet mat Gott geliewt an erliewt. Hien ass net de „Sucher der dunklen Nacht“ als deen e laang ugesi gouf, deen de Verzicht an d’Abtötung, als eenzege Wee zu Gott, gesicht hätt. Mä hien ass de „Lehrer der tiefen Gottesliebe“. Bei all deem wat him am Liewe Schlëmmes passéiert ass, wat hien net gesicht, mä ugeholl huet, ass hien de „Lehrer der liebenden Achtsamkeit der Menschenseele auf den sie liebenden Gott“ ginn a bliwwen. A senger Prisongszäit huet hien déi schéinste Gedichter geschriwwen iwwer d’Léift vu Jesus fir all eenzele Mënsch. Hei sinn e puer Zitater vun him:
Ech sinn iwwerzeegt, dass dës Pilgerrees nach laang an deene meeschte vun eis nowierke wäert. |