|
Wat ass lass an eiser Par?All Aktivitéiten op ee BléckWichteg Bestëmmunge COVID-19Fir all d’Massen vum 24.12 - 27.12 muss dir iech umellen! Maacht dat weg telefonesch virum 20.12 Pour toutes les célébrations du 24.12 au 27.12 inclus veuillez réserver votre place à l’église ! Réservation téléphonique avant le 20.12 Droe vun engem Mondschutz ass obligatoresch. Hänn desinfizéieren beim Erakommen an d’Kierch. D’Wäihwasser gëtt nëtt agefëllt - Les bénitiers doivent rester vides. Setzplazen si markéiert a gin zougewisen - Prenez place uniquement à l’endroit qui vous sera indiqué. Den Affer gëtt nëtt während der Mass opgehuewen, mee soll an de Kuerf an der Entrée geluecht gin. Puisqu’aucun panier de collecte ne circulera dans l’église, nous en mettrons un à la sortie pour que vous puissiez y déposer votre offrande. All dëss Bestëmmunge si wichteg, fir dass kee kann ugestach gin. PDF: Aktuell Gottesdengschter - Celebrations Wat besonnesch lass ass an der kommender ZaitMëttwoch 23.12 Hl. Johannes vu Krakau (+1473) Donneschdeg 24.12 HELLEGOWEND Freideg 25.12 CHËSCHTDAG Samschdeg 26.12 Hl. Stephanus Sonndeg 27.12 HELLEG FAMILL Objectif Tiers Monde - Verkaf vu Käerzen 2020OTM verkeeft all Joer viru Chrëschtdag Käerzen zugonschte vun sénge Projeten an Haiti. Dëst Joer och an der Par Iewescht Syr an alle Masse vum 3. Adventssonndeg. Interessant BUCH fir jidfereen!
Well d’Pilgeren an d’Kathedral dest Joer am Grupp net méiglech ass, sou kann een sech awer op eng flott Manéier aner Pilgerplazen hei am Land ukucken! An dëser Bande Dessinée “ Un coup de pouce du ciel “ (op franséisch) – “Heilige Spünge”( op däitsch), wat vun der “éditions du Signe », am Optrag vum Bistum fir 150 Joer Diözes, erauskomm ass, kann een sech iwwert interessant Pilgerplazen hei am Land informéieren.. an se dann och vläicht besichen goen! An de Kierchen leien Bicher- fir sech se unzekucken ! Helfende Hände – Diakonie - aides en paroisseAn eiser Par ginn eeler a krank Leit doheem besicht a kënnen d’Kommunioun empfänken (Dir kënnt Iech mellen: 340042) Seniorengottesdéngschter sinn all Donneschdeg ëm 10.45 Auer am CIPA Nidderaanwen an all Freideg ëm 11.00 Auer an der Seniorie Conter, och ginn et Massen zu Sandweiler vum Syrdallheem. D’Equipe fir Sozial- a Flüchtlingshëllef - équipe d’aide sociale - begleet Mënschen déi Hëllef brauchen a sammelt an all Kierch wat gebraucht gëtt. Kuckt wegl. eis Plakater an de Kierchen. Kontakt: reh.ieweschtsyr gmail.com Als Par ënnerstëtze mir de „Frëndeskrees Kamerun“, z.B. bei der Trauliichtfeier den 29.10.2019 um Haff „a Schmatten“ zu Schëtter vu 15.00 – 19.00 Auer. Newsletter vun der kathoulescher Kierch zu LëtzebuergDer kathoulescher Kierch hiert Noriichteblat heescht: Cathol-News Et ass en elektronescht Noriichteblat op dat een sech abonnéiere kann. Hei fannt dir di neiesten Aktualitéite vun der kathoulescher Kierch. Dir musst just op dëse Link drécke fir op di Säit ze kommen. |