|
Chrëschtdag ass vill méi, wéi nëmmen d‘Fest vun der LéiftChrëschtdag ass vill méi, wéi nëmmen d‘Fest vun der Léift! Op Chrëschtdag hu mir vill Erwaardungen un eis Familljen, eise Frëndeskrees an un eisen Alldag! Iergendwéi gëtt an äis d’Hoffnung méi staark, datt méi Léift a méi Fridden och an eisem Alldag méiglech sinn! A fir dat neit Joer si mir vläicht traureg well dat net esou ze gi schéngt oder (esou wënschen ech et jidderengem) immens frou, well mir den Zauber an d’Magie vu Chrëschtdag erlieft hunn. Fir mech ass awer Chrëschtdag vill méi, wéi een Zauber oder eng Magie! An dem klenge Kand vu Bethlehem ass dem Härgott säi Jong Mënsch ginn! Hie gëtt ee vun äis a gouf an engem Stall gebuer. Stärendeiter aus dem Osten erkennen an him de Kinnek. Mat senger Famill ass hien op der Flucht virum Herodes. Zu Nazareth léiert hien dat einfacht Liewe kennen. Awer dëse Jesus bréngt eng nei Aart a Weis ze liewe mat: Hie lieft esou op dëser Welt, wéi am Himmel. Déi Gemeinschaft mat sengem Papp a mat dem Hellege Geescht bleift bestoen! Wat heescht dat konkret: Duerch Jesus hu mir awer och geléiert, dass mir eis Matmënschen esou gäre kënnen hunn, wéi den Härgott si gären huet! Dat heescht: Deen éischte Schratt op den aneren zou maachen... him ëmmer eng nei Chance ginn! Esou wéi den Härgott dat all Dag mat eis mécht! Dann huet Jesus äis gär bis zum Schluss, iwwert den Doud um Kräiz eraus! Als Operstanenen ass hien an eiser Mëtt a schenkt äis duerch säi gudde Geescht Kraaft, JO zum Liewen ze soen, bis zum Schluss un d‘Léift ze gleewen, déi äis geschenkt gëtt vum Härgott a vun eise Matmënschen! D’Geheimnis vum Liewen ass jo, dass mir räich beschenkt ginn an datt mir aner Mënschen räich beschenken. Duerfir ass Chrëschtdag vill méi, wéi nëmmen d‘Fest vun der Léift! Jesus huet äis d’Liewen vum Himmel op Welt bruecht. Un äis ass et vu Jesus ze léieren wéi dat elo schonn op dëser Welt ka goen, fir dass mir och am Himmel dem Härgott an de Mënschen ouni Angscht begéinen! Nico Schartz, Paschtouer |