Corona – op d‘Perspektiv kënnt et un!

Corona – op d‘Perspektiv kënnt et un!

Corona ass eng Chance!!!
Neen, d’Wourecht ass
datt Corona nëmmen Doud a Leed bréngt
datt et eis zerstéiert
datt Corona eis alles hëlt
Ech gleewen net
datt Corona eis Rettung ass
datt et eis waakreg rëselt
eis méi lues trëppelen léist
datt Corona duerch Distanz weist wéi wäertvoll déi aner sinn
Et ass éischter sou
datt Corona eis vunenaner trennt
eis an d‘sozial Katastroph féiert
eis kierchlech Gemeinschaft zerstéiert
datt Corona einsam mécht
Ech wëll net akzeptéieren
datt Corona eis weist wourop et am Liewen ukënnt
datt mer méi mënschlech ginn
zesummen halen
unenaner denken
datt mer nodenken
Et ass jo kloer an däitlech
datt Corona déi nei Pescht ass
datt dëst eist Enn ass
Et wär gelurren géif ech soen
Corona bréngt eis zesummen!

An lo lies den Text vun ënnen no uewen!

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement