|
Jubiläumsjoer 2020, eng Chance sech zu Christus ze bekéieren an zesumme sech vum Hellege Geescht beréieren ze lossen!Jubiläumsjoer 2020, eng Chance sech zu Christus ze bekéieren an zesumme sech vum Hellege Geescht beréieren ze lossen! An der Faaschtenzäit kruten mir durch d‘Bëschofswuert vun eisem Kardinol eng grouss Hëllef fir eis als Par Saint-Esprit zu Christus ze bekéieren an zesummen Ouschteren esou ze liewen, dass Jesus Christus, den Operstanenen, an eisem konkrete Liewen siichtbar gëtt. Bei der ekologescher Bekéierung gung et dorëm, datt Gott eis d’Äerd uvertraut fir se verantwortlech ze bebauen an ze behidden (Gen 2,15). Eise Kardinol leet eis un d’Häerz, datt mir d’ganzt Joer iwwer freides kee Fleesch sollen iessen, esou kënne mir en Zeeche setzen, datt mir géint déi bëlleg an exzessiv Fleeschproduktioun sinn, déi dacks op Käschte vu Mënsch an Déier an aarme Länner geet. Bei der pastoraler Bekéierung geet et ëm eng missionaresch Kierch. An denen dräi Joer, wou mir zu enger grousser Par gi sinn, däerfe mir Quelle vun eisem Glawen nët vergiessen. Mat der Aféierung vum Sonndeg vum Wuert Gottes um 3. Sonndeg am Joreskrees huet de Poopst Franziskus äis drop higewisen, wéi fundamental d’Helleg Schrëft an eise Liturgien an an eisem Liewen ass, fir eng lieweg Bezéiung mat Jesus Christus an ënnerteneen ze nieren. Dofir gët elo an eiser Par Saint-Esprit all Mount een Owend proposéiert, wou mir op d‘Wuert vum Herrgott lauschteren an zesummen deelen wat mir verstann hunn a liewe wëllen. An eise Kierche läit ee Kommentar vum „Wort des Lebens“; sécher eng grouss Hëllef fir d‘Wuert vu Gott an eisen Alldag, an eist Liewen eranzelossen. Mir giffen äis den 12. Mäerz an den 1. Abrëll um 20.00 Auer am Begéinungssall zu Senningen, 128 route de Trèves, gesinn. Déi nächst Datumer giffe mir dann zesummen festleeën. Wa mir äis op Ouschteren vum Operstanenen beréiere loossen, wa mir esou wéi d‘Jünger vun Emmaus als Par, mat all eise Froen an Ängschten bereet sin, mat Christus nei Weer ze goen, da brauche mir d‘Kraaft vum Hellege Geescht, deen äis begeeschtert, deen äis Freed um Glawe schenkt. Et geet ëm Freed, Begeeschterung an ënner Fräiheet! Nico Schartz, Paschtouer |