Wuert fir Ouschteren 2021

D‘Liicht vun Ouschteren alle Mënsche bréngen!

Virun engem Joer ass hei zu Lëtzebuerg d‘Karwoch an d‘Ouschterdeeg a villen eidele Kierchen gefeiert ginn. Si sinn iwwert Facebook oder soss sozial Medien iwwerdroe ginn.
An enger eideler Kierch Mass halen, ass ee Bild dat mir Angscht mécht!
Fir eise Pastoral-Team war et wichteg, datt eis Kierchen opbleiwen.

Blieder mat Gedanken a Gebieder sinn op Dëscher geluecht ginn a per Mail verschéckt ginn.
Wéi mir an eiser Flüchtlings- a Sozialhëllef Equipe iwwert Zoom äis gesinn hunn, fir Weeër ze fannen, wéi mir an dëser Pandemie konkret den Aarmen kënnen hëllefen, ass d’Iddie komm: Firwat net eng Zoom-Mass organiséieren? Eng Mass wou ech als Priister mat all de Leit doheem verbonne sinn.

Fir déi éischter Kéier a mengem Liewen, hunn ech wärend der Mass meng Parkanner doheem gesinn, do wou si liewen! Mir konnten am Ufank austauschen wéi et äis geet, fir d‘Mass si Lidder agespillt ginn, Verschiddener konnten d‘Liesung, d‘Fürbitten an eng Meditatioun liesen. Et sinn Sonndeger ginn, wou méi wéi 50 Haiser mateneen verbonne waren. Am Cipa Nidderaanwen hu mir ugefaange och d’Donneschdeg-Massen ze iwwerdroen, wou an 140 Zëmmer d‘Mass op der Televisioun ze gesi war.

Op Päischten konnte mir déi éischt Massen erëm an eise Kierche feieren. Fir mech eng immens grouss Freed, well dat den Dag vun eiser Kiermes ass!
Zoom-Massen am Cipa Nidderaanwen si bis haut bliwwen. Eis Par ass net nëmmen um Internet mä och um Facebook. All Woch gi Mailer mat Gedanken verschéckt. Bibeldeelen gëtt et elo och iwwert Zoom! An der Kapell vun der Seniorie Conter ginn erëm Massen an d‘Zëmmer iwwerdroen.

Esou hu mir Weeër fonnt fir trotzdeem mateneen verbonnen ze bleiwen! Fir dat bescht ze maachen an eise Glawen ze deelen an aus him ze liewen.

Och wann et net ëmmer einfach war. Mir kruten 22 Mailen vum Bistum wou matgedeelt ginn ass, op wat elo opzepassen ass, fir déi aktuell Covid-Reegelen anzehalen.
Schwéier war d‘Begleedung vun deene Famillen, déi ee léiwe Mënsch verluer hunn an him net richteg à Dieu soe konnten.
Wann Katechees ausgefall ass, ass iwwert Mail eng Alternativ proposéiert ginn!

Iergendwéi leien haut bei ville Mënschen d‘Nerve blank!

Mä elo ass et wichteg weider op Zänn ze bäissen, duerchzehalen an méi wäit ze kucken!
Fir mech bedeit dat, sech vum Liicht vun Ouschteren beréieren ze loossen a méi wäit ze kucken. Dat heescht op Jesus kucken, deen äis an der Krankheet an am Leed dréit!
Well Jesus, den Operstanen, geet mat äis ëmmer de Wee aus dem Dout an d’Liewen.
Den Dout bedeit an dëser Pandemie, ëm sech selwer kreesen an d‘Nout vu menger Schwëster oder mengem Brudder ze iwwersinn. Déi richteg Pandemie an eiser Welt ass Gläichgëltegkeet, déi Haltung: mir ass alles egal!

Loosse mir äis vum Jesus senger Léift beréieren, lauschtere mir op säi Wuert, wat Heelung bréngt. A froe mir Jesus fir jidder Mënsch mat Respekt ze begéinen. Dann droe mir d‘Liicht vun Ouschteren alle Mënschen. D‘Léift eleng bewierkt Wonner an hëlleft de Mënschen fir méi wäit ze kucken an ze versoten dass si dat éiwegt Liewen a sech droen!

Nico Schartz

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement