D’Blumm op hierem Graf ...

D’Blummen op hirem Graf…

Wann d’Blieder vun de Beem falen,
wann d’Sonn méi blatzeg gëtt
an dem Niwwel hir Plaz iwwerléisst,
wann d’Nuechte kal an d’Deeg kuerz ginn,
wann alles op en Enn hindeit,
dann ass et Zäit, fir op Kierfecht ze goen.

Si, déi do leien, sinn un en Enn komm,
si hunn hiert Ziel erreecht.
Si kennen déi Welt,
an där Rou a Fridd hiert Doheem hunn,
déi Welt, vun där s du dacks dreems
déi Welt, ob déi s du nach waarts.

Si hu gelieft, gehofft a gebaangt,
geotemt, gelidden a gefillt,
grad ewéi s du.
Si waren e Stéck vun dengem Liewen,
an dat Liewe geet weider,
och wa si net méi derbäi sinn.

Dat alles léisst dech net kal
an dëse bronkegen Hierschtdeeg
um Kierfecht op hirem Graf.
Dat alles bewierkt,
datt s de an dech geess an zu Rou kënns
an enger Welt voller Hektik an Onrou.

D’Blummen op hirem Graf
sinn d’Bléie vun der Erënnerung,
d’Faarwe vun der Hoffnung a vun der Zukunft.
Si ginn zum Zeeche vun där Léift,
déi den Doud iwwerdauert,
well si méi staark ass…

Monique Hermes

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement