Eng authentesch Gemeinschaft ginn, wou Léift doheem ass!

Eng authentesch Gemeinschaft ginn, wou Léift doheem ass!

Dein Leben ist deine Chance! Esou den Titel vun engem interessante Buch vum
Elisabeth Lukas. Si schreift an hirem Buch datt et immens wichteg ass, datt mir ee
Sënn an eisem Liewen hunn...an datt eist Liewen eng Chance ass fir dëse méi
déiwe Sënn nei ze entdecken!
Fir d’Autorin ass ganz kloer dass Stëllt noutwendeg ass fir ee méi déiwe Sënn am
Liewen ze fannen...
Jo mir brauchen, sou wéi de séilege Schetzel, Momenter vu Stëllt, fir an
eisem hektesche Liewen net ganz krank ze ginn!
Esou ass Stëllt eng Heelkraaft déi wichteg fir eis Gesondheet ass...
Fir eist Gehir ass Stëllt wichteg fir dass mir äis konzentréieren an eng gutt
Leeschtung brénge kënnen.
Stëllt verhëlleft äis och zu engem méi déiwen a bessere Schlof.
Am spirituelle Sënn ass Stëllt de beschte Kontakt zu eiser ënnerer Stëmm.
A wa mir esou op eis ënner Stëmm lauschteren kënne mir erausfannen wat Sënn
an eisem Liewe mécht.
Ech wëll et mol ganz einfach soen: Mir hunn zwou Méiglechkeeten!

Mir hu kee Vertrauen... weder a Gott nach an eis Matmënschen an äis ass et
wichteg all Fiedem vun eisem Liewen an der Hand ze behalen. Dat bedeit konkret
eist Liewen an Eegeregie ze féieren... a wann et dann net méi weidergeet... da gi
mir einfach op !

Oder mir Vertrauen wierklech...
Mir gleewen datt et ee gëtt deen äis immens gär huet...
Wou mir keng Bedingunge mussen erfëllen, fir senger Léift sécher ze sinn...
Et gëtt een deen äis ëmmer begleet...besonnesch da wa guer näischt méi geet!

Fir mech ass dësen EEN den Härgott selwer, deen äis besonnesch no komm ass
a sengem eenzege Jong, Jesus Christus, dem Operstanenen. Jesus selwer seet
äis, dass hien dat Brout ass dat vum Himmel komm ass, fir datt mir nei mat dem
Härgott verbonne ginn.
An dëse Jesus begleet seng Kierch hei zu Lëtzebuerg. Hien hëlleft äis datt mir den
déiwe Sënn an eisem Liewen zesummen als Par Saint Esprit fannen. Dat heescht
hie féiert äis am Liewen, fir datt mir méi authentesch Chrëschte ginn. Mä dofir
musse mir Stëllt an eisem Liewen zouloossen...fir datt mir zesummen op eis ënner
Stëmm kënne lauschteren... a verstinn wat eisem Liewe wierklech Sënn gëtt!
De Mënscherechtler Vaclav Havel huet eemol gesot:
Man spürt, wie sich etwas Grundsätzliches verschiebt und langsam stirbt, während
etwas anderes geboren werden will!
Ech mengen dëse Saz stëmmt fir eis Welt an eis Kierch!

Fir eis Welt huet Zäit vum Egotrip a vum Individualismus keng Zukunft méi!
Wa mir wëllen, dass dëse Planéit fir d’Mënschen nach weider bestoe bleift... da
musse mir nei Weeër sichen, fir méi een einfache Liewensstil ze fannen. D’Zukunft
ass eng authentesch Gemeinschaft wou mir zesummen am Vertrauen een dem
aneren hëllefen a fräiwëlleg op Villes verzichten!
Als Kierch vu Lëtzebuerg si mir scho laang keng Vollekskierch méi! An eise
Sonndesmassen sinn an eise 10 Kierchen vill Plaze fräi!
Awer mir kënnen als Par Saint Esprit eng Gemeinschaft vu klenge Gemeinschafte
ginn. Wou mir eise Glawen authentesch liewen. An dëst authentescht Liewen
weist sech, wéi mir am Alldag ee mat deem aneren ëmginn!
An der Woch kënne mir Zesummekommen fir ze bieden, zesummen op dem
Härgott säi Wuert lauschteren, Momenter vu Stëllt virum Sakrament vum Altoer
verbréngen, zesummen eise Glawen a Konferenzen verdéiwen...
Wichteg ass awer dat mir konkret deenen hëllefen déi eis Hëllef brauchen!

De Courage hunn fir eise Frënn vuneiser Hoffnung, vun eisem Glawen ze erzielen... dobäi bescheide bleiwen an an eise Matmënschen fir d’éischt dat Gutt
gesinn...Guddes een iwwert deen anere soen, sech selwer an
deenen anere verzeien an eng nei Chance ginn...

Et geet dorëm datt mir ëmmer méi eng authentesch Gemeinschaft
ginn wou Léift doheem ass.
Wou mir dankbar sinn, dass den Härgott
äis begleet a schonn do ass wou mir eemol higinn!

Nico Schartz – Paschtouer

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement