|
De PastoralrotA jidfer vun deenen 33 Paren landeswäit gëtt et och e Pastoralrot. An dësem Pastoralrot sinn déi verschidden Uertschaften a Gemeinschaften aus eiser grousser Par vertrueden. D’Missioun vum Pastoralrot ass et fir de Paschtouer an d‘Pastoralekipp bei hiren Aufgaben ze ënnerstëtzen. Zesummen probéieren mir d‘Liewen vun eiser Par ze gestalten an dobäi jidderengem vun de Leit aus der Par et ze erlaben de Glawen kennen ze léieren, ze verdéiwen, ze erliewen, a weiderzeginn. De Pastoralrot ass och do fir nei Ureegungen aus de Reien vun de Gleewegen opzehuelen an ëmzesetzen, an hir Uleies ze vertrieden. Eise Pastoralrot setzt sech aktuell, nierwt dem Paschtouer an der Pastoralekipp, aus folgende Leit zesummen: M. Claude Seywert, Schuttrange – President „Le Conseil pastoral de la paroisse a pour mission de soutenir le développement d’une communauté chrétienne vivante et de promouvoir l’apostolat des laïcs. Il est un organe de co-responsabilité et offre un espace de participation et de conception active de la vie de foi au sein de la paroisse. Il agit en coopération avec le curé/curé modérateur et l’équipe pastorale.“ Responsabel fir d’Massendénger Gemeng Contern - Mme Isabel Jaaques |