All Artikel de mat humanitärer Hëllef ze dunn hunn.

 

Flüchtlings- a Sozialhëllef

An eiser Par huet sech zënter dem Hierscht 2015 eng Equipe zesummegesat, déi d’Flüchtlingshëllef an eisen Uertschafte koordinéiert a gläichzäiteg sozial schwaach Leit aus eiser eegener Gemeinschaft ënnerstëtzt. Den Akzent vun eiser Aarbecht läit op enger Hëllef bei der Léisung vu Problemer an hirem alldeegleche Liewen, a bei de Flüchtlinge speziell op der Integratioun an eiser Gesellschaft zu Lëtzebuerg.

D’Initiativ vun eiser Flüchtlingshëllef geet op eise Wëllen zréck, Mënschen ze hëllefen, déi duerch katastrophal Verhältnisser an hire Länner hir Heemecht hu misse verloossen an elo léiere mussen, sech an eiser Gesellschaft zurecht ze fannen. Dat entsprécht och dem Opruff vum Poopst vun 2015 a vum Lëtzebuerger Äerzbëschof, datt eis Gemeinschafte sech fir dës Hëllef asetze sollen. Mir stëmmen eis dobäi och mat de betraffene Gemengen an hire Sozialbüroen of. Gläichzäiteg si mir awer och op fir Besoinen vu Leit aus eisem eegene Land, déi op eng Hëllef ugewise sinn.

Mir hunn e puer Prinzipie fir eis Aarbecht festgehalen:

  • Mir wëlle keen Ënnerscheed maachen tëscht Mënschen, déi nei bei eis komm sinn, an deenen, déi schons méi laang hei wunnen. Nout ass Nout, a mir hëllefe wa mir kënnen a wou mir kënnen.
  • Mir kucken net no Hautfaarf, Relioun oder Nationalitéit.
  • Mir wëllen net alles op eege Fauscht maachen, mä eis un Organisatiounen uschléissen, déi scho méi laang eng wäertvoll Hëllef leeschten.
  • Mir wëllen all Mënschen an d’Hëllef mat abezéien, déi dat wëllen.

Eng Lëscht vun eisen Hëllefs-Aktivitéiten:

  • Begleedung am Alldag
  • administrativ Ënnerstëtzung
  • Beschafe vu Kleeder an Haushaltsartikelen
  • Vermëttele vu Miwwel
  • Hëllef beim Léiere vu Sproochen
  • Hëllef bei der Sich no Aarbecht
  • Ënnerstëtzung bei der Wunnengssich
  • Ënnerstëtzung vun Hëllefsorganisatiounen hei am Land z.B. Spënnchen, Stëmm vun der Strooss
  • Kleng Prêten ouni Zënsen am Fall vun engem momentanen dréngende Besoin
  • Finanzement vun dréngende Medikamenter
  • Ënnerstëtzung vu Flüchtlingen an de Campen un de Grenze vun Europa (iwwer Catch a Smile)
  • Ënnerstëtzung vu Mënschen a Krichsgebidder
Mir sichen nach Leit, déi an eiser Equipe mathëllefen!
Wann Dir wëllt an irgend enger Form mathëllefen, kënnt Dir Iech bei engem vun de Responsabele vun der Equipe Flüchtlings- a Sozialhëllef vun eiser Par melle, mir stellen dann déi néideg Kontakter hier:

M Camille Schneider Tel: 621 19 63 21
Mme Marie-Paul ARENDT-BROSIUS Tel: 621 19 73 42
Mme Elise Houwen Tel: 691 80 24 14
E-mail Adress: reh.ieweschtsyr gmail.com

Equipe d’aide sociale de la Paroisse

En automne 2015 un groupe d’entraide s’est constitué dans notre paroisse pour coordonner l’accueil des réfugiés et pour soutenir des familles et personnes de nos régions se trouvant dans le besoin. Nous voulons avant tout aider à trouver des solutions pour les problèmes de tous les jours et nous soutenons les efforts d’intégration.

L’équipe d’aide sociale s’est constituée dans le but d’aider les personnes qui ont dû quitter leur patrie à cause de situations catastrophiques dans leurs pays et qui doivent maintenant apprendre à se retrouver dans notre société souvent si différente de la leur. Elle suit ainsi l’appel du Pape et de notre Archevèque qui demandent aux chrétiens d’aider les réfugiés et en général les personnes démunies, dont le nombre est malheureusement croissant. Pour connaître les besoins nous nous renseignons auprès des personnes elles-mêmes et auprès des offices sociaux de nos communes.

Nos principes :

  • Nous évitons de faire des différences entre réfugiés et personnes démunies habitant chez nous depuis longtemps.
  • Nous aidons toutes les personnes qui en ont besoin sans considérer la nationalité, la couleur de la peau ou la religion.
  • Nous ne voulons pas faire tout nous-mêmes, mais nous nous rallions à des organisations existant depuis longtemps et reconnues pour leur travail efficace.
  • Notre groupe est ouvert à tous ceux qui veulent s’engager à leur tour.

Nos activités:

  • Soutien dans des activités journalières
  • Accompagnement dans des démarches administratives
  • Distribution d’habits et d’articles ménagers
  • Intermédiaires pour la procuration de meubles
  • Aide dans l’apprentissage des langues du pays
  • Aide à la recherche d’un travail
  • Soutien lors de la recherche immobilière
  • Soutien d’organisations dans le pays p.ex. Spënnchen, Stëmm vun der Strooss
  • Petits prêts sans intérêts en cas de situation passagère de détresse
  • Financement de médicaments urgents
  • Aide financière pour Catch a Smile qui s’occupe de réfugiés aux frontières et sur les routes de l’Europe
  • Aide financière pour personnes dans des régions en guerre pour leur permettre de survivre dans leur pays
Nous sommes toujours à la recherche de bénévoles pour renforcer nos rangs!
Si vous voulez nous soutenir d’une façon ou d’une autre, n’hésitez pas à prendre contact avec une des personnes responsables de l’Equipe qui saura vous informer et vous guider:
M Camille Schneider Tel: 621 1963 21
Mme Marie-Paule ARENDT-BROSIUS Tel: 621 19 73 42
Mme Elise Houwen Tel: 691 80 24 14
Adresse E-mail: reh.ieweschtsyr gmail.com 

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement