Ënnerstëtzung vu Flüchtlingen - Soutien aux réfugiés

Ënnerstëtzung vu Flüchtlingen a Campen a verschiddene Länner a vu Projeten a Syrien selwer

Mat engem Deel vun Äeren Donen ënnerstëtze mir och Flüchtlingen, déi op hirer Flucht oder ënnerwee an Europa an engem Flüchtlingscamp gelandt sinn an do oft scho méint- oder jorelaang festsëtzen a kaum nach Hoffnung fir hiert weidert Liewen hunn:

  • Campen op der Balkanroute oder um Ärmelkanal, wou mir d’Projete vu Catch a Smile, a. s. b. l. ënnerstëtzen;
  • Campen op griicheschen Inselen, wou am Juni 2019 eisen Äerzbëschof mat enger Delegatioun op der Insel Lesbos war a wou Hëllef ganz néideg ass;
  • Projete fir de Leit ze hëllefen, déi a Syrien bliwwe sinn an do all Dag em hiert Iwwerliewe kämpfen, an och fir d’Kanner, déi do e Minimum vun Ausbildung kréie mussen.
  • asw., jee nodeem wou grad eng Hëllef dringend gebraucht gëtt.

Soutien aux réfugiés dans les camps de différents pays et aide à des personnes restées en Syrie

Une partie de vos dons nous permet de soutenir des réfugiés bloqués depuis des mois voire des années dans des camps en Europe ou à ses frontières et qui ont souvent perdu l’espoir de retrouver une vie normale.

  • Camps sur la route du Balcan ou près de la Manche où nous soutenons des projets de Catch a Smile, a. s. b. l.
  • Camps sur les îles grecques où notre Archevèque a visité l’île Lesbos avec une délégation en juin 2019 et où ils ont constaté des besoins énormes.
  • Projets pour aider des personnes qui sont restées en Syrie et qui essaient de survivre dans des conditions très difficiles et pour garantir un minimum d’éducation à des enfants
  • etc... nous restons ouverts à des appels urgents
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement