„Reech eng Hand - tends la main“

Deel vu „Reech eng Hand“

D’Flüchtlings- a Sozialhëllef vun eiser Par ass en Deel vum Projet „Reech eng Hand“ vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg:

Diözesane Flüchtlingsprojet

De Projet „Reech eng Hand“ ass en diözesane Projet, deen um Engagement vun de Poren, Vereenegungen a reliéise Gemeinschafte berout. Organiséiert gëtt de Projet op lokalem Niveau a setzt sech an fir unerkannte Flüchtlingen an déi, déi Asyl sichen an an de Pore wunnen.

En diözesanen Aarbechtsgrupp koordinéiert de Projet, bitt eng Fortbildung u fir Éierenamtlecher, déi op lokalem Niveau engagéiert sinn a garantéiert den Austausch vun „Best practices“.

Ausgiebeg Informatiounen iwwert dëse ganze Projet fannt Dir op hirem Site, deen a 4 Sprooche ka gelies ginn:
https://web.cathol.lu/2/services/reech-eng-hand/reech-eng-hand-tends-la-main/

Nous faisons partie de „Reech eng Hand - tends la main“

L’équipe d’aide sociale de notre paroisse fait partie du projet „Reech eng Hand - tends la main“ de l’Eglise Catholique du Luxembourg:

Projet diocésain d’aide aux réfugiés

Le projet „Reech eng Hand - tends la main“ est un projet diocésain basé sur l’engagement des paroisses et de toutes les communautés religieuses.

Au niveau local, les organisations s’occupent des réfugiés ayant le statut et des demandeurs d’asyle habitant dans la paroisse respective.

Au niveau du diocèse un groupe de travail coordonne le projet, offre des formations pour les bénévoles qui s’engagent au niveau local et garantit un échange de „Best practices“.
Vous trouverez des informations détaillées sur tout ce projet (en quatre langues) sur le site suivant:
https://web.cathol.lu/2/services/reech-eng-hand/reech-eng-hand-tends-la-main/

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement