ENG STONN

„ENG STONN“

E Besuchsdéngscht an eiser Por

« Was die Kirche heute braucht, ist die Fähigkeit, Wunden zu heilen und die Herzen der Menschen zu wärmen - Nähe und Verbundenheit. »

Papst Franziskus, August 2013

D’Hl. Schrëft ass voll vu Beispiller, wou Jesus sech engem eenzelne Mënsch unhëlt. Wou Jesus dësem Mënsch seng ganz Opmierksamkeet schenkt, dëse Mënsch eescht hëlt, dëse Mënsch beréiert. Oft sinn dëst Mënschen, déi sech alleng spieren oder vum Liewe méi gefuerdert kréien, wéi se kënne ginn. Fir eis Chrëschten ass dat e ganz konkreten Optrag, deen am Matthäus-Evangelium esou formuléiert as: „Was ihr für einen meiner geringsten Brüder getan habt, das habt ihr mir getan.“ (Mt 25, 40)

An eiser Par bidde mir en Déngscht un, dee Mënschen uschwätzt,

• déi sech eleng fillen,
• deenen et wéinst hirem Alter, Krankheet oder engem anere Grond méi schwéier fält, u Gemeinschaft deel ze huelen,
• déi sech iwwer e Besuch géife freeën.

Dëse Besuchsdéngscht sicht ëmmer Leit, déi bereet sinn:

• regelméisseg eng Stonn Zäit fir e Besuch ze verschenken,
• sech zesummen am Grupp op dësen Déngscht virzebereeden.

Wann Dir interesséiert sidd, méi heiriwwer gewuer ze ginn an Iech virstelle kënnt, hei matzeschaffen, da mellt Iech bei eis.

Kontakt:
Annette Kieffer-Strehlau
Tel. 34 00 42 - annette.strehlau cathol.lu
Sekretariat Senningen, 128, rte de Trèves - L-6960 Senningen


Eng Stonn

Bild bitte anklicken

Mir hunn Zäit !

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement