ESPACE POUR VIVIRE


Seniorentreff zu Moutfort

An zukunft gin d’Diren 1 Kéier am Mount fir eeler Mënschen op, déi anerer wëlle begéinen, matenee sproochen, mol Geschichten wëllen héieren, Musék maachen an héieren oder einfach nëmmen eng Taass Kaffi a Kuch mat anere wëllen genéissen.

Emol am Mount si Dir am Sall vun der Chorale Moutfort-Medingen an der Ayudame a.s.b.l. (rue de Medingen-Moutfort) häerzlech wëllkomm. vun 15:00-17.00 Auer. Detailer fann Dir ëmmer am Parbréif.

Fir genau Datumen hei w.e.g. ucklicken ---Neien Datum...

Mir soën der Gemeng e grousse Merci fir hiert Entgéintkommen!


JPEG

Dir géift Iech gäer engagéieren?

Geschwënn fänkt eng néi Unitéit vun der Formatioun fir déi seelsorgerlech Begleedung
vum eelere an kranke Mënsch un. Dës Offer riicht sech u Leit, déi interesséiert sinn,
benevol an dësem Beräich matzeschaffen.

Fir eeler Mënschen an de Gottesdéngscht ze begleeden, sichen mir fräiwëlleg Begleeder op verschiedene Plaazen an eise Parverbänn!
Mëllt Iech gäer ënnert 691 358712 (Annette Kieffer-Strehlau) oder
26350010 (Sekretariat).


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement