Réckbléck - vun eisen Aktivitéiten

Mir hunn a Wësch gemach!

Freides, den 12. August hunn sech als Virbereedung op Mariä-Himmelfahrt
jonk an eeler Leit an der aler Schoul zu Moutfort getraff, fir e Wësch ze
bannen. An den Deeg virdrun goufen iwwer 30 verschidde Kraider gesammelt.
Ënnert de Uleedung vum Yolande Kimmel - déi och eng Brochure mat de
Planzen erschafft huet - sinn dunn eng 40 Wësch gebonne ginn.
Iwwert dem Bannen gouf erzielt, wéi deen een oder aneren de Léiffra-
Wëschdag fréier erlieft huet a wéi sech den Dag bei eis um Duerf an anerwäerts
ënnerscheed huet.

De Nomëtteg gouf mat Kaffi, Téi, Kichelcher a Kuch ofgeschloss.
Samschdes goufen d’Wësch an der Kierch vu Moutfort geseent an no der
Mass un d’Leit verdeelt. D’Don’en déi hei gemaach goufen gi fir d’pastoral
Aarbecht genotzt.


Eisen Äerzbëschof zu Besuch am CIPA Nidderanven den 29. Juni

Den Här Äerzbëschof huet mat de Bewunner zesummen d’Mass gefeiert.Hien huet et sech net huele gelooss mat der Direktioun an de pastorale Matarbechter e Rondgang duerch d’Haus ze maachen an de Leit perséinlech ze begéinen.

Durno huet den Äerzbëschof, dee vun de Kapléin begleed gouf, zesumme mat de Bewunner d’helleg Mass am Festsall gefeiert.

Als Ofschloss huet d’Direktioun vum CIPA den Äerzbëschof an déi aner Gäscht fir d’Mëttegiessen an der Cafeteria invitéiert.

Aktioun Chrëschtpäck


266 Päck fir Familjen a Rumänien sinn an
der Adventszäit gesammelt ginn

Chrëschtdag am Prisong 2015

Op Chrëschtdag war de Grupp Da Capo a Vertrieder vun eisem Porrot mueres
am Centre pénitentier vu Schraasseg fir zesummen mat 60 Prisonnéier
Chrëschtdag ze feieren. Déi 2 Massen, déi virbereed goufen vun der
Prisongsaumonerie, si gehale ginn vum Aumônier Vincent Klein. Den Da Capo
huet zesummen mat de Prisonéier fir de musikaleschen Deel gesuergt. No der
Mass hate mer d’Geleeënheet d’Mandalas, déi an eiser Adventsfeier a vun
Sandweiler Schoulklassen gebastelt goufen, den Prisonéier z’iwwerreechen.
Emmer erëm mierkt een wéi dankbar d’Leit fir dese Geste sinn.

Aktioun „Ënnerdaach“

Während der Chrëschtzäit stoung an der Sandweiler Kierch e Beemchen, deen
d’Leit konnten hëllefen dekoréieren. Fir all Stär oder aneren Artikel, deen
opgehaangen gouf, sinn 2,50 Euro an d’Këscht geheit ginn. 250 Euro goufen
esou gesammelt. Och am Cipa zu Nidderanwen goufen 250 Euro gesammelt.
Den Erléis ass geduecht fir d’Aktioun „Ënnerdaach“. „Ënnerdaach“ hëlleft Leit
ouni Heem fir eng begrenzten Zäit eng Wunneng ze fannen.
Merci am Numm vun Ënnerdaach. Wien weider wëllt hëllefen kann dat
maachen iwwer den CCPL LU84 1111 1080 5392 0000.

Friddensliicht

D’Sandweiler Guiden a Scouten soen Merci, dass dir sie esou generéis beim
Fridddensliicht ënnerstëtzt hutt. Nom Verdeelen vun de Friddensliichtkäerzen
op Helleg Owend kënnen sie der ONG „Guiden a Scouten mat enger Welt“
750 Euro iwwerreechen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement