Flüchtlings - a Sozialhëllef vun eiser Par

Virstellung vun der Equipe Flüchtlingshëllef

An eiser Par huet sech zenter dem Hierscht 2015 eng Equipe zesummegesat, déi d’Flüchtlingshëllef an eisen Uertschafte koordinéiert. Esou wéi Flüchtlingen bei eis antreffen, si mir da bereet fir se an eiser Gesellschaft opzehuelen an hinne bei hirer Integratioun ze hëllefen,
esouweit dat néideg ass.
Den Akzent leit net op finanzieller Hëllef, mee op enger Hëllef bei der Léisung vu Problemer an hirem alldeegleche Liewen zu Letzebuerg.

Mir sichen nach Leit, déi an eiser Equipe mathëllefen !

Wann dir wëllt an irgend enger Form mathëllefen, kënnt dir ech och bei engem vun de Responabelen vun der Equipe Flüchtlingshëllef vun eiser Par mellen, mir stellen dann déi néideg Kontakter hier:

M Camille Schneider - Tel 621 1963 21 (ausser 10-24 August 2016)
Mme Marie-Paul ARENDT-BROSIUS. Tel: 621 19 73 42

Mir hunn och eng E-mail Adress: reh.ieweschtsyr gmail.com]


An deser Rubrik gitt dir iwert de zukünfteg Aktivitéiten laafend informéiert.


Kurzen Iwwerblëck iwwert eis Aarbécht am leschte Joer

Ennerstëtzung vun de Flüchtlingsfamilljen an eiser Par

- Kenneléieren vun de Familljen, déi nei ukomm sinn
- Relméissegen Kontakt: visiten doheem, telefon ...
- Hëllef bei alldeegleche Froën: Plaze fir gënschteg anzekaafen, Ausfëllen vu Formulairen, Kontaktre mat Institutiounen ...
- Hëllef bei der Sich no Aarbecht: wien kontaktéieren? Iwwersetzungen, Hëllef beim Opstellen vun engem CV ...
- Gemeinsam Aktivitéiten: Ausflich an de Park Merveilleux, op Veianen, op e Summerfest, ... fir bei hierer Integratioun an eis Gesellschaft mat ze hëllefen
- Erklären vun Elementer aus eiser Kultur, z.B. wat ass Nationalfeierdaag, wat ass Allerhellegen ...

Sammlung vu Material fir fir Flüchtlingen op hirem Wee

- An Zesummenaarbécht mat “eng Hand fir ALL KAND” a “Cath a Smile” a.s.b.l.
- Publicatioun vum Opruff no spezifeschem Material dat gebraucht gouf: Plakater an de Kirchen, Internet
- Sammiung vu ganz vill Sachen vun de Leit aus der Par
- Stockage an Tri vum Material, Liwwerung un d’Organisatiounen de et weider verdeelt hunn
- Domat Hëllef fir Flüchtlingen zu Calais/Dunkerque, op der Balkanroute, a Griechenland an op de grieschechen Inselen, an och fir aarm leit a Mazedonien
- Sammung an Transport vu Miwwelen fir Flüchtlingen bei eis an zu Léck
- regelméisseg Berichter iwwert dës Resultater op Plakaten an am Internet.

Ënnerstuetzung vu sozial schwaache Leit an eiser Par

- Gudd Zesummenarbecht mat de Sozialbüroë vun eiser Gemeng
- kleng Geste vun Ënnerstëtzung fir Leit, de spezifesch Besoinen haten: Miwwelen, Gedecks fir op hir Better, Kontakter fir Leit, déi sech eleng gespiert hunn, asw ...

D’LEIT, DÉI GEHOLLEF KRUTEN, WAREN ALL DANKBAR DUERFIR,
A MIR GINN DËSE MERCI UN IECH WEIDER, DÉI DIR EIS BEI EISEN AKTIOUNEN
SOU GUTT ENNERSTËTZT HUTT !

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement