Aktiounen vun der Equipe Flüchtlingshëllef

Permanent Sammelaktioun fir Flüchtlingen

Permanent Sammelaktioun fir Flüchtlingen

VILLMOLS MERCI FIR ALL DAAT MATERIAL AN ALL DÉI SUEN, DÉI DIR SCHON GESPENDT HUTT ! ! !

D’Flüchtlingen hei am Land an an de Flüchtlingscampen soen eis ëmmer neess, wéi dankbar sie fir all des Ennerstëtzung sin !

IECH ALL DUERFIR E GANZ HÄERZLECHE MERCI ! ! !


Dir könnt iewer och Geldspende maache, fir datt des Saache kënne kaaft ginn - Konten stinn me weit ënnen

Wie mathëllefe wëllt, ka seng Saachen op verschidde Plaze bréngen:

  • ofginn am Buttek CUMULUS zu Sandweiler, 44, rue Principale: donneschdes 15:00-18:30, freides 10:00-12:00, oder samschdes 10:00-12:00 an 13:30-16:30;
  • ofginn an de Kierche vun Hueschtert, Schëtter, Mutfert, oder Contern all Dag op d’mannst tëscht 10:00 a 16:00 op sinn,mir sammelen d’Material do regelméisseg an.

Mir halen ech regelméisseg iwwert d’Resultater vun deser Aktioun um Laafenden.
)]


D’Initiativ vun eiser Flüchtlingshëllef geet op eise Wëllen zréck, Mënschen ze hëllefen, déi durch katastrophal Vehältnisser an hire Länner hir Heemécht hu misse verloossen an elo léire mussen, sech an eiser Gesellschaft zurechtzefannen. Dat entspréicht och dem Opruff vum Poopst vum leschte Joer a vum Lëtzeburger Erzbëschof , datt eis Gemeinschafte sech fir des Hëllef asetze wëllen.Mir stëmmen eis dobei och mat de betraffene Gemengen of. Gläichzäiteg si mir iewer och op fir Besoinen vu Leit aus eisem eegene Land, déi op eng Hëllef ugesise sinn.


Mir hunn e pur Prinzipie festgehalen:

-* Mir wëlle keen Ënnerscheed machen tëscht Mënschen déi nei bei eis komm sinn, an denen déi schons méi lang hei wunnen.Nout ass Nout, a mir hëllefen wa mir kënnen a wo mir kënnen.
  • Mir wëllen net alles op eege Fauscht machen, mä eis un Organisatiounen uschléissen, déi scho méi laang eng wertvoll Hëllef leeschten.
  • Mir wëllen all Mënschen an d’Hëllef mat abezeíen, déi dat wëllen.

Wann Dir Iech selwer fir bestëmmt Aarbechte fir Flüchtlingen oder aner sozial schwaach Familljen engagéire wëllt, da kënnt Dir dat z.B. iwwert des Weeër machen:

Bei der Croix Rouge, Caritas oder ASTI, z.B. bei:

  • Iessenausgaben, Sproochecoursen, Iwwersetzung vun Dokumenter, Ennerstëtzung bei Hausaufgaben, Hëllef a solidaresche Butteker, Begleedung vun Animatioune fir Jugendlecher, a.s.w.;
  • Bei Reech eng Hand, dem Projet vum Bistum do gi stänneg Leit fir konkret Servicer gesicht iwwert
  • ënnert “Comment soutenir ce projet” sti jeweils de Hëllefen, de aktuell gesicht ginn
  • Bei Eng Hand fir all Kand,asbl zu Nidderaanwen, déi ënnert anerem mat der Catch a Smile, asbl vu Lëtzebuerg zesummeschafft:
  • Sortéieren/Apaken vu Material
    Kontakt: Mme Jo-Anne LEISEN - Tel. 661 61 43 35
    Spenden un “Cath a Smile, asbl”: LU83 0019 4755 1571 9000 (BCEE)
  • Wunnenge fanne fir sozial schwaach Matmënschen.

Wann dir wëllt an irgend enger Form mathëllefen, kënnt dir ech och bei engem vun de Responabelen vun der Equipe Flüchtlingshëllef vun eiser par mellen, mir stellen dann déi néideg Kontakter hier:

M Camille Schneider - Tel 621 1963 21
Mme Marie-Paul ARENDT-BROSIUS. Tel: 621 19 73 42

Mir hunn och eng E-mail Adress: reh.ieweschtsyr gmail.com]

- - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - -
Spende fir d‘Aktioune vun eiser Par kënnt Dir maachen op den neie Kont:
LU84 0019 4755 5585 7000 (BCEELULL) vun der „Equipe Flüchtlings- a Sozialhëllef“ vun eiser Par

Wann Dir Äer Spende wëllt vun de Steieren ofsetzen, kënnt Dir är Iwerweisung op e Kont vun der Fondatioun “Ste Irmine” mat der Mentioun “Reech egn Hand -Hueschtert/ Nideraanwen/Schëtter, Sandweiler/Syrdall”:

CCPLULL: LU64 1111 7017 0305 0000; BGLLULL: LU81 0030 8856 3963 0000
BILLULL: LL42 0027 5100 4006 0800; BLUXLULL: LU06 0080 2915 3290 2001
CCRALULL: LU69 0090 0000 6634 2007; FOTNLULL: LU62 0100 7201 6709 0550
BCEELULL : LU53 0019 4055 0036 1000;

oder Dir kënnt en Don maache fir déi lëtzeburgesch Organisatioun “Catch a Smile, asbl”, iwwert de Kont
LU83 0019 4755 1571 9000 (BCEELULL) matt der Mentioun „Flüchtlingshëllef vun der Par“

Äer Spende kënnt Dir vun de Steieren ofsetzen, wann dir am Joer op d’mannst 120€ un ofiziell unerkannt Organisatioune mat dësem Steiervirdeel iwwerweist.

Mir ennerstëtzen Eng Hand fir all Kand, asbl

Link op hir Facebook Seit:
https://www.facebook.com/Mothersfor...

Mir ennerstëtzen Catch a Smile, asbl

Link op hir Facebook Seit:

https://www.facebook.com/groups/ref...

- - - -

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement