Flüchtlings- a Sozialhëllef Par Hellege Geescht – Iewescht Syr


Zousätzlech Sammelaktioun Juli bis September:


Mir profitéiere vun der Vakanz fir iech nees em är Ënnerstëtzung ze bieden. Mir plangen de nächsten groussen Give Away fir d’Rentrée a brauchen dofir är Hëllef fir och deeene manner gutgestallte Kanner d’Rentrée sou schéi wéi méiglech ze maachen.

Gebraucht gëtt Schoulmaterial

Hefter (onbenotzt)
Faarwen
Classeuren
Schachtelen
Linealer
Zierkelen
Waasserfaarwen
Pinselen
Schoulsäck
Turnsäck
Sportgezeih fir Schoulsport (Maillot, Schwammbox, Turnschlappen, Sportbox an T-Shirt)

Dir kënnt Äert Material ofginn:
hannen an de Kierche vun Hueschtert, Sandweiler, Schëtter, Moutfort oder Contern, déi all Daag tëscht 10:00 a 16:00 op sinn, mir sammelen d’Material do regelméisseg an, a mir gin se da wieder ....

Geldspende fir Material ze kaafen fir Flüchtlingen oder fir sozial schwaach Leit an eiser Par kënnt Dir maachen :
- op de Kont vun der „Equipe Flüchtlings- a Sozialhëllef“ vun eiser Par:
LU84 0019 4755 5585 7000 (BCEELULL)

Mir soen Iech en häerzleche Merci fir all Äer Ënnerstëtzung!


Mir soen Iech en häerzleche Merci fir all Är materiell
a finanziell Ënnerstëtzungen:

A mir ënnerstëtze weider mat Ärer Hëllef:
♦︎ Flüchlingsfamilljen an eiser Par
♦︎sozial schwaach Leit an eiser Par
♦︎ Mënschen a Flüchtlingscampen an europäesche Länner

Gebraucht gi weiderhin an ëmmer erëm: Schlofsäck, Decken, Isomatten;
Trainingskostümer a Leggings fir Fraen a Männer

Geldspende fir Material fir Flüchtlingen ze kafen oder
fir sozial schwaach Leit an eiser Par kënnt Dir maachen :

- op de Kont vun der „Equipe Flüchtlings- a Sozialhëllef“ vun eiser Par:
LU84 0019 4755 5585 7000 (BCEELULL)

- wann Dir Äer Spende wëllt vun de Steieren ofsetzen, kënnt Dir eis se iwwert
d’Fondation Ste Irmine schécken matt der Mentioun
„Reech eng Hand – Iewescht Syr”:

CCPLLULL : LU64 1111 7017 0305 0000 / BGLLLULL : LU81 0030 8856 3963 0000
BCEELULL : LU53 0019 4055 0036 1000 / BILLLULL : LU42 0027 5100 4006 0800
BLUXLULL : LU06 0080 2915 3290 2001 / CCRALULL : LU69 0090 0000 6634 2007
FOTNLULL : LU62 0100 7201 6709 0550

Kontakt: M. Camille SCHNEIDER - Tel. 621196321 /
Mme Marie-Paule ARENDT-BROSIUS - Tel. 621197342

oder iwert eis E-mail: reh.ieweschtsyr gmail.com

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement