Opruff fir ze hëllefen!

Aktuell Sammelaktioun:

Flüchtlings- a Sozialhëllef vun der Par Hellege Geescht – Iewescht Syr

De Kleeschen wëllt och bei manner bemëttelt Kanner kommen.
Dofir siche mir gudd Spiller, Spillsachen, Lego, Poppen, Molsachen, asw ....

Dir kënnt Äert Material ofginn:
hannen an de Kierche vun Hueschtert, Sandweiler, Schëtter, Moutfort oder Contern, déi all Dag tëscht 10:00 a 16:00 op sinn, mir sammelen d’Saachen do regelméisseg an, a mir ginn se da weider ....

Geldspende fir Material ze kafen fir Flüchtlingen oder fir sozial schwaach Leit an eiser
Par kënnt Dir maachen:

op de Kont vun der „Equipe Flüchtlings- a Sozialhëllef“ vun eiser Par:
LU84 0019 4755 5585 7000 (BCEELULL)

Weider ass et äis e wichtegt Uleies, fir gëeegent a gënschteg Wunnengen ze fannen, déi mer u manner bemëttelt Familljen kënne weidervermëttelen.

Sidd dir interesséiert fir mat Mënschen a Kontakt ze kommen, déi net sou gudd äis
Sproch schwätzen, mee sech ganz gären géifen austauschen op lëtzebuergesch,
franséisch .... da mellt iech bei äis.

Mir organiséieren 1x am Mount e Poternomëtteg ...

Kontakt: M. Camille SCHNEIDER - Tel. 621196321
Mme Marie-Paule ARENDT-BROSIUS - Tel. 621197342

Mir soen Iech en häerzleche Merci fir all Äer Ënnerstëtzung!

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement