Poaraktiounen 09/10 Barsalogho


Erléis vun der Poaraktioun 2009/2010
zu Gonschten vu
Bridderlech Deelen a Paroisse Barsalogho:

17.350,00 €

Villmols MERCI!

1. Fondatioun Bridderlech Deelen

Mir hëllefe „Bridderlech Deelen“ bei hirem Projet am Kongo geint sexuell Gewalt.

Zënter dem Ufank vum Krich 1996 ginn am Kongo dagdeeglech honnerte vu Fraen, kléng Kanner, Meedercher, schwanger Fraen, eeler Fraen an och Männer gefoltert a vergewaltegt.

Dei kongolesesch ONG SEDI hëlleft Fraen a Meedecher, dei Affer vu sexueller Gewalt gi sinn, medizinesch a juristesch. Fir 300 Kanner ginn d’Schoulkäschten iwwerholl.

Zënter 2006 hëllefe Bridderlech Deelen a Caritas Lëtzebuerg mat Hëllef vum Lëtzebuerger Staat dee Projet ze finanzéieren.

CCP: IBAN LU74 1111 1261 0097 0000 (Mentioun: Poaractioun «Käldall»)

2. Poaractioun Barsalogho am Burkina Faso

D’Poar St Joseph vu Barsalogho am Burkina Faso gëtt vun zwee wäisse Pateren an engem einheimesche Geeschtlechen geleet. Niewt hirer Aarbecht an der Kierch, baue si Kapellen, Schoulen, Gesondheetszenteren a suerge fir Drénkwaasser-Pompelen.

D’Patere wëllen eng Wunneng fir hire Catechiste bauen, deen Usprëchspartner bei ville Problemer am Duerf ass.

Zënter en etlech Joer fiirt den Här Hermes J.P. vu Rëmeleng bei d’Pateren an dëst Joer wëlle mir dee Projet mat ënnerstétzen.

CCP-Compte vun der Poaractioun: IBAN LU41 1111 2416 9265 0000

Fir all weider Fro kënnt Dir d’Mme Albertine Wagener hei uruffen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement