Karwoche - Osterzeit - Oktav - Kierchejoër a Coronazäiten 2020

Der Kreuzweg in Bildern


Die 14 Kreuzwegstationen in Bildern - (Fotos: Cl. Schroeder)

Karwoche 2020

Karwoche 2020
Karwoche - Impulse

Palmsonntag - Impulse

Palmsonntag
Palmsonntag Impulse

Gründonnerstag - Impulse

Das letzte Abendmahl
Gründonnerstag Impulse

Karfreitag - Impulse

Karfreitag - Impulse
Karfreitag 2020 Impulse

Karsamstag - Impulse

Karsamstag
Karsamstag Impulse
Message du cardinal pour Pâques fr

Ostersonntag - Impulse

Ostern 2020
Ostersonntag Impulse

Ostermontag - Impulse

Ostermontag Emmaus
Ostermontag Impulse
Zweiter Sonntag der Osterzeit
Dritter Sonntag der Osterzeit
Vierter Sonntag der Osterzeit A

Fünfter Sonntag der Osterzeit A

Sechster Sonntag der Osterzeit A
Christi Himmelfahrt A
Siebter Sonntag der Osterzeit A
Päischten - Pentecôte
Hl Dräifaltegkeet
Fête Dieu - Härläichendag
Sonndeg am Joerkrees A
Sonndeg am Joereskrees A
Sonndeg am Joereskrees A
Oktav 2020

Gebied zur Muttergottes
am Kader vun enger « aussergewéinlecher » Oktav

Maria, mir wëllen Dir soen wéi et eis geet. An dësen Deeg, wou alles esou besonnesch, esou anescht ass. Wou d’Sonn zanter Woche laacht a mir eis kaum doriwwer freeë kënnen. Wou an der Natur neit Liewen entsteet a mir eis esou vill Froe stellen a Suergen ëm d’Zukunft maachen. An dësen Deeg vun enger „aussergewéinlecher“ Oktav, déi, an de groussen Zich, ouni eis physesch Präsenz gefeiert gëtt; gefeiert muss ginn.

Tréischt eis, esou wéi nëmmen eng Mamm dat maache kann.

Maria, mir wëllen Dir soen wéi et eis geet. Eise Grousselteren, Elteren, Familljememberen oder Frënn, déi an den Alters-oder Fleegeheimer wunnen an déi mir nët méi besiche kënnen, esou wéi mir dat gewinnt waren. Déi Mënschen déi krank sinn an déi, ouni hir Léifsten kënne bei sech ze hunn, drop waarden an hoffen, nees gesond ze ginn. Déi Mënschen, déi, aus verschiddenste Grënn, doheem bleiwe mussen an déi Angscht virum Elengsinn hunn. Looss eis Dir och erzielen vun all denen, déi Dag fir Dag, Stonn fir Stonn, fir all dës Mënschen do sinn, si fleegen, fir si suergen a schaffen, sief et am direkte Kontakt mat hinnen oder am Hannergrond, sief et haaptamtlech oder als Benevol.

Tréischt eis, esou wéi nëmmen eng Mamm dat maache kann.

Maria, mir wëllen Dir soen wéi et Denge Kanner geet. Eise Kanner, déi d’Suergen an d’Ängschte vun den Erwuessene spiren. Den Elteren, déi hiren Alldag zu engem gudden Deel ganz ëmorganiséiert hunn a sech quasi all Dag neien Erausfuerderungen stelle mussen. De Jugendlechen, denen et ganz besonnesch schwéier fällt,mat dem noutwännegen „social distancing“ ze liewen. Dene ville Mënschen, déi ëm hir Aarbechtsplaz oder hir Existenz fäerte mussen.

Tréischt eis, esou wéi nëmmen eng Mamm dat maache kann.

Maria, mir wëllen Dir soen wéi et de Mënsche geet. Dene Mënschen, un déi an Zäite vun der Epidemie kaum nach geduecht gëtt. Mënschen, déi souwisou kee Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. Mënschen, déi verzweifelt sinn, an déi kaum nach Kraaft an Hoffnung hunn. Mënschen, déi keen Doheem (méi) hunn. Mënschen op der Flucht, an de Flüchtlingslageren a Griechenland an a villen anere Länner. Looss eis Dir awer och erzielen vun all denen,déi sech, direkt op der Plaz oder aus der Distanz, asetzen fir méiglechst iwwerall ze hëllefen, och wann dat si ëmmer nees un d’Grenzen vum mënschlech Maachbaren (an doriwwereraus) féiert.

Tréischt si, esou wéi nëmmen eng Mamm dat maache kann.Maria, gutt léif Mamm, léif Tréischterin, léif Kinnigin, hal iwwer ons Deng mächteg Hand a bied fir eis bei Gott an Dengem Kand, esou wéi nëmmen eis Mamm dat fir eis maache kann. Amen.

René Schumacher

PDF 430.7 kB, 8. Mee 2020
PDF 4.6 MB, 23. Abrëll 2020
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement