Dir hutt e Stierffall an der Famill oder e Mënsch, deen Iech nosteet, ass gestuerwen, an Dir géift dëse Mënsch gäre kierchlech begruewen?
Am Numm vun eiser Pastoralequipe an vun eiser ganzer Par
drécke mir eist déifsten Matgefill aus.
Et ass net einfach an esou engem schwéiere Moment ëmmer e klore Kapp ze behalen an un alles ze denken.
Dofir gi mir Iech follgend Informatioune fir d’Organisatioun vum Begriefnes mat op de Wee.
Wann dir Äre Verstuerwe gäre kierchlech begruewe wëllt, da ginn et zwou Méiglechkeeten.
1. Dir organiséiert Begriefnes selwer.
- Da musst Dir fir d’éischt op déi Gemeng goen, wou de Verstuerwene begruewe gëtt.
Op der Gemeng kritt Dir en Datum an eng Auerzäit fir d’Begriefnes um Kierfecht matgedeelt. - Fir d’Begriefnes ze organiséieren, muss Dir onbedéngt e “permis d’inhumation“ mat an de Parbureau bréngen, deen Dir op der Gemeng matkritt.
- Da kontaktéiert Dir de Parbureau,
wou Dir e Rendez-vous fir e Gespréich mat engem Geeschtlechen kritt (ass och telefonesch méiglech).
an Dir kennt och mam Sekretariat Detailer vum Begriefnes klären. - Am Virfeld kënnt Dir Iech Gedanke maachen ob Dir:
– eng Doudemass fir Äre Verstuerwenen wëllt;
– eng Doudemass mat oder ouni Chorale wëllt;
– e Wuertgottesdéngscht (mat engem Diakon oder beoptraagten Laie) wëllt.
2. Dir gitt d’Organisatioun vum Begriefnes an d’Hänn vum “Pompes funèbres“
- De Pompes funèbres kontaktéiert déi Gemeng, wou de Verstuerwene begruewe soll ginn.
Op der Gemeng kritt de Pompes funèbres dann en Datum an eng Auerzäit fir d’Begriefnes um Kierfecht matgedeelt. - De Pompes funèbres deelt Iech den Dag an d’Auerzäit vum Begriefnes mat (oder Dir frot bei hinnen no).
- De Pompes funèbres muss de “permis d’inhumation” an de Parbureau mailen.
deifferdeng@cathol.lu
Eréischt wann de Pompes funèbres den Datum an d’Auerzäit matgedeelt huet, kann d’Doudemass organiséiert ginn.
Bei Froen oder Onkloerheete kënnt Dir gären
d’Parsekretariat kontaktéieren
1, avenue d’Oberkorn L-4640 Differdange
Tél.: 58 80 84
deifferdeng@cathol.lu
Permanence
Méindes / Lundi - Freides / vendredi: 10:00-12:00 & 14:00-18:00
zeréck op d’Haaptsäit